U16-Basket-EM zu LëtzebuergFLBB-Selektioun verléiert fir den Optakt géint Holland

Serge Olmo
Vun e Méindeg bis e Samschdeg ass d'Divisioun B vun der U16-Dammen-Europameeschterschaft am Centre Atert zu Bartreng op Besuch. Déi jonk Rout Léiwinne sinn am Grupp D zesumme mat Holland a Portugal.
Optakt U16-Basket-EM zu Lëtzebuerg: FLBB-Selektioun verléiert géint Hollland
Vun e Méindeg bis e Samschdeg ass d'Divisioun B vun der U16-Dammen-Europameeschterschaft am Centre Atert zu Bartreng op Besuch.

Donieft spillen am Grupp C och Éisträich, d’Ukrain a Finnland zu Bartreng. Et ass en Novum fir déi Lëtzebuerger Basketfederatioun esou e groussen internationalen Turnéier ze organiséieren. E Méindeg gouf et an der éischter Partie vun der FLBB-Selektioun eng 64:85-Defaite géint Holland.
 
Virum Turnéier war gewosst, datt et schwéier géif gi géint déi méi héich kotéiert Géigner, och well bei der Lokalselektioun verschidde wichteg Spillerinne mat Verletzunge geplot sinn.
D’Favorittinnen aus Holland waren am Ufank vun der Partie däitlech vir, mee ënner dem Impuls vun der Kapitänin Chiara Rasolofo ass den Ecart geschmolt. Kuerz no der Paus waren d’Léiwinne phaseweis am Avantage. D’Ambiance war richteg hëtzeg ënnert de ronn 700 Spectateuren. Ronn 8 Minutte viru Schluss stoung et nach 60:60. Dono ass der FLBB-Selektioun d’Loft e bëssen ausgaangen. Esou eng Leeschtung versprécht awer fir d’Matcher an der Grupp oder méi spéit d’Klassementsmatcher.

Julie Braun Silva - Lëtzebuerger U16-Nationalekipp: "Ech menge mir hunn alles ginn an da ware mer eng Kéier platt. An dee Moment, wou mer platt waren, war et ze spéit, fir erëm erun ze kommen, mee dat musse mer trainéieren an et wäert besser goen."

Och wann et e Méindeg net duergoung, da kënnen d’Organisateuren, déi vill Energie opbruecht hunn, schonn opootmen, well déi Responsabel vun der internationaler Federatioun FIBA vill Luef haten, fir déi Lëtzebuerger Organisatioun.

Pit Rodenbourg - Administrativen a finanziellen Direkter vun der FLBB: "Mir hunn eng Woch nach virun ons, et kann nach ganz vill geschéien. Mee ech sinn awer frou, dass dat organisatorescht an dat ronderëm ganz gutt geklappt huet. Ech mengen, du sos et, vill investéiert, vill Manpower, mee dat heiten ass eréischt dräi Méint hier, dass mer wossten, dass mer dat heite géifen organiséieren. An ech mengen, do hu mer eis alleguerten zesummegesat a jiddereen zitt un der selwechter Ficelle."

E Méindeg war de Kamil Nowak hei zu Lëtzebuerg. Hien hat d’Saison 2001/2002 zu Steesel gespillt an ass weiderhin e Frënd vum Grand-Duché. Hien huet mëttlerweil eng ganz héich Positioun an den europäeschen Instanzen. D’FIBA kann sech absolut eng EM op Senioren-Niveau hei zu Lëtzebuerg virstellen.

Kamil Novak - Exekutiv Direkter vun der FIBA Europa: "Absolutt. Si hu sech scho Gedanke gemaach iwwer d'Dammen-Europameeschterschaft. Ob dat elo wierklech esou kënnt, datt si e Kandidat ginn, dat hänkt natierlech vun hinnen of. Och ob si d'Politik an d'Ënnerstëtzung fannen, awer dat wier flott."

Back to Top
CIM LOGO