FuttballVirverkaf fir d'Matcher vun de Roude Léiwen an der Nations League gestart
Déi Lëtzebuerger Futtballnationalekipp huet jo am Juni hir Matcher an der Nations League.
Fir d'Partien heiheem den 11. géint d'Tierkei an de 14. géint d'Färöer Inselen huet elo de Virverkaf ugefaangen.
D'Detailer fënnt een um Internetsite vun der FLF ënnert Billetterie.
PDF: Schreiwes vun der FLF