Um Sonndeg stounge sech d’Sparta Bartreng an de Basket Esch géintiwwer. D’Sparta hat virun dëser Partie mam Adryana Quezada eng nei Profispillerin verflicht. De bessere Start hat allerdéngs Esch, d’Ekipp aus dem Süde louch an der Paus 47:41 a Féierung. Et huet sech eng enk Partie entwéckelt, déi eréischt an der Schlussphas entscheet sollt ginn. Hei konnt sech Bartreng um Enn knapp mat 75:70 duerchsetzen. Mat 26 Punkten huet d’Jordan King am beschte getraff fir d’Sparta, d’Jenna Wolf huet 19 Punkten bäigesteiert.
Um Samschdeg hat sech den T71 Diddeleng, deen des Saison nach ongeschloen ass, mat enger 84:57 Victoire géint d’Amicale Steesel fir d’Finall qualifizéiert. No enger ausgeglachener Ufanksphas huet Diddeleng sech lues a lues ofgesat a louch schonn an der Paus 50:33 a Féierung. Diddeleng huet de Virsprong an der zweeter Hallschecht weider ausgebaut an um Enn souverän gewonnen. Virun allem am Rebound war Diddeleng dem Géigner haushéich iwwerleeën. Véier Spillerinne vum T71 hunn zweestelleg getraff, mat 20 Punkten hat d’Lauren Van Kleunen déi meeschten um perséinleche Kont.
D’Finall gëtt de 7. Februar an der Arena vun der Coque um Kierchbierg gespillt.
Um Freideg den Owend hat sech de Racing Lëtzebuerg an der Finall vun der Coupe FLBB bei den Dammen no duebeler Verlängerung mat 53:50 géint de Black Star Miersch duerchgesat.