Coupe Halleffinallen am BasketEtzella Ettelbréck an d'Arantia Fiels stinn an der Härefinall

RTL Lëtzebuerg
Um Samschdeg a Sonndeg goufen d'Halleffinallen an der Loterie Nationale Coupe de Luxembourg bei den Häre gespillt.

Um Sonndeg haten insgesamt 2.000 Spectateuren de Wee an d’Coque um Kierchbierg fonnt, fir sech déi zwee Matcher unzekucken.

An der zweeter Halleffinall bei den Hären huet sech d‘Arantia Fiels no enger dramatescher Schlussphas mat 79:78 géint d’Sparta Bartreng duerchgesat. Bartreng huet säi Rhythmus séier fonnt a sech fréi e Virsprong erspillt. Enner dem Impuls vum Jarvis Williams a Max Logelin louch d’Sparta an der Paus 49:35 a Féierung.

Halleffinall an der Coupe am Basket
D‘Arantia Fiels huet sech no enger dramatescher Schlussphas mat 79:78 géint d’Sparta Bartreng duerchgesat.

No der Paus huet d’Fiels sech Punkt fir Punkt zeréck an de Match gekämpft. D’Sparta hat de Fuedem am véierte Véierel verluer an huet offensiv net méi kollektiv agéiert. Bei der Fiels huet de Profispiller Godwin Verantwortung iwwerholl a seng Ekipp gedroen. An den entscheedende Sekonnen huet de Carter seng Ekipp mat engem Worf aus der Mëtteldistanz a Féierung bruecht. De Jarvis Williams hat mam leschte Worf d’Méiglechkeet de Match fir Bartreng ze gewannen, dëse sollt awer net eragoen.

Bei der Fiels huet de Kevon Godwin 26 Punkte markéiert, de Michael Anthony Carter koum op 21 Punkten.

Um Samschdeg hunn d’Supporter tëschent der Amicale Steesel an der Etzella Ettelbréck eng enk Partie gesinn, keng Ekipp konnt sech am Laf vum Match e klore Virsprong erausspillen. Obwuel de Profispiller Davis an der éischter Hallschecht mat 3 Feeler op der Bänk Plaz geholl huet, ass Ettelbréck mat enger knapper 43:41 Féierung an d’Paus gaangen. Am drëtte Véierel hat d’Etzella kuerzzäiteg e Laf an et konnt ee mengen, dass de Match an hir Richtung kippt, Steesel konnt sech allerdéngs mat e puer Wërf aus der Distanz zeréck an d’Partie bréngen an 8 Minutte viru Schluss stoung et gläich.

No enger enker Schlussphas setzt sech Ettelbréck mat 89:81 duerch. Den Adrian Delph konnt mat 26 Punkten iwwerzeegen, 23 Punkten huet den Nationalspiller Philippe Gutenkauf zur Victoire bäigesteiert.

Resumé vun der Hären-Halleffinall Ettelbréck géint Steesel
D’Etzella huet 89:81 géint d’Amicale gewonnen a steet an der Finall.

Insgesamt waren e Samschdeg 1.700 Spectateuren an der Coque bei den zwee Matcher. E Sonndeg spillt d’Sparta Bartreng géint d’Arantia Fiels. D’Finall gëtt de 7. Februar an der Arena vun der Coque um Kierchbierg gespillt. E Freideg den Owend hat sech d’Arantia Fiels an der Finall vun der Coupe FLBB bei den Häre mat 61:57 géint den AB Conter behaapt.

Coupe Halleffinallen am Basket
Ettelbréck klappt Steesel an ass éischte Finalist bei den Hären

Weideren Artikel zu deem Theema

T71 Diddeleng ass den éischte Finalist bei den Dammen

Back to Top
CIM LOGO