Basketball-ChampionnatEttelbréck klappt d'Fiels a geet als Éischten an d'Playoffs

RTL Lëtzebuerg
Um Samschdeg gouf bei den Hären de leschte Spilldag vun der regulärer Saison gespillt.
D’Véirelsfinalle bei den Häre stinn elo fest
© Emile Mentz (Archiv)

Nodeems d’Sparta Bartreng um Freideg den Owend zu Diddeleng verluer hat, hunn d’Arantia Fiels an d’Ettelbrécker Etzella um Samschdeg ëm déi éischte Plaz an der Tabell gestridden. Um Enn wannen d’Gäscht mat 100:90 a stinn op der éischter Plaz, well si am direkte Verglach vun den dräi punktgläichen Ekippen un der Spëtzt am Beschten ofgeschnidden hunn.
D’Fiels fält op déi drëtt Plaz zeréck.

Déi zwee Coupe-Finalisten hu sech näischt geschenkt, Ettelbréck konnt sech an engem intensive Match zimmlech fréi e klenge Virsprong erspillen an huet dësen net méi ofginn, obwuel d’Fiels e puer Mol geféierlech no erukomm ass. Den Adrian Delph hat um Enn 32 Punkten um Kont. De Racing Lëtzebuerg setzt sech a leschter Sekonn mat 96:94 géint den AB Conter duerch. Den Antunio Bivins konnt net nëmme 46 Punkte markéieren, mee stoung och zum Schluss richteg, fir de Ball am offensive Rebound per Buzzerbeater duerch d’Netz ze geheien, wouduerch d’Lokalekipp konnt jubelen a wichteg Punkten am Kampf géint den Ofstig sammele konnt. D’Amicale Steesel an de Basket Esch treffen an der Véierelsfinall openeen, dat war scho virum direkten Duell gewosst.

D’Amicale Steesel setzt sech mat 64:60 duerch an huet sech domat den Heemvirdeel fir d’Véierelsfinall geséchert. Den Ahston Sherrell koum op 24 Punkten. D’Residence Walfer setzt sech auswäerts mat 95:86 géint Mamer duerch. De John Slajchert war op en Neits mat 35 Punkten net ze stoppen, 17 Punkten huet den Nationalspiller Oliver Vujakovic zur Victoire bäigesteiert.

D’Musel Pikes wannen en enke Match mat 80:79 géint d’Kordall Steelers. D’Gäscht hate mat der leschter Aktioun d’Méiglechkeet d’Partie ze wannen, hunn doraus allerdéngs näischt gemaach. Bei der Lokalekipp huet den Jaylen Key 23 Punktenmarkéiert.

D’Matcher an de Playoffs (Véierelsfinallen)

Etzella Ettelbréck - Kordall Steelers
Sparta Bartreng - Résidence Walfer
Arantia Fiels - T71 Diddeleng
Amicale Steesel - Basket Esch

Hären


Dammen

De Basket Esch séchert sech mat enger 90:76-Victoire géint Wolz déi véiert Plaz an der Tabell a qualifizéiert sech domat fir d’Halleffinall, wou d’Ekipp op de Leader T71 Diddeleng trëfft. Eng staark Ekippeleeschtung huet Esch genotzt, fir déi wichteg Victoire ze feieren, fënnef Spillerinnen hunn zweestelleg getraff, d’Jovana Jaksic hat um Enn 23 Punkten um Kont.

An der zweeter Halleffinall sti sech d’Sparta Bartreng an den AB Conter ab nächster Woch géintiwwer. Béid Ekippen hunn och um Samschdeg géintenee gespillt, mat dem besseren Enn fir d’Sparta. D’Lokalekipp wënnt mat 76:64, dat ënner dem Impuls vum Jordan King (25 Punkten), ënnerstëtzt vum Lena Mersch (14).

Verdéngte Vicoire fir Dammen vun der Sparta
Et konnt e sech mat 76:64 géint Conter duerchsetzen. Géint déi nämmlechte Géigner geet elo an der 1/2-am Playoff.

D’Amicale Steesel setzt sech mat 81:66 géint d’Musel Pikes duerch. Allerdéngs verpasst Steesel trotz der Victoire de Sprong an d’Halleffinall. D’Julie Mangen war mat 21 Punkten déi beschte Spillerin bei der Lokalekipp.

Back to Top
CIM LOGO