
En Dënschdeg huet déi international Basketballfederatioun FIBA d’Gruppe fir den zweeten Tour vun der EM-Qualifikatioun ausgeloust. Lëtzebuerg hat sech mat 3 Victoiren a 6 Matcher am éischten Tour vun der Qualifikatioun fir den nächsten Tour qualifizéiert.
Am Grupp M spillen d’rout Léiwinnen géint Frankräich, d’Nummer 2 an der Weltranglëscht hanner den USA, en absolutten Topp-Géigner. Komplettéiert gëtt de Lëtzebuerger Grupp vun der Ukrain a Groussbritannien.
Gespillt gëtt an zwou Fënsteren, November 2026 souwéi am Februar 2027. Insgesamt spille 24 Natioune a 6 Gruppe géinteneen. Fir d’Europameeschterschaft qualifizéiere sech jeeweils déi zwee Gruppenéischt. D’Belsch, Finnland, Litauen a Schweden sinn als Lokalekippen an Organisateur fir d’EM gesat a spillen an engem eenzelne Grupp géinteneen.
