Eng ganz enk Partie hunn d’Zuschauer an der Fiels gesinn. Um Enn wannen d’Gäscht vun Diddeleng 88:86, dat nodeems d’Fiels mat der leschter Aktioun net méi konnt ausgläichen. De Maurice Calloo konnt 27 Punkten fir d’Gäscht markéieren an den Jimmie Lee Taylor huet 26 Punkten zur Victoire bäigesteiert.
D’Résidence Walfer setzt sech iwwerraschend auswäerts mat 87:83 géint d’Sparta Bartreng duerch. D’Gäscht hu sech fréi kënnen e Virsprong erausspillen a louchen an der Paus 56:41 a Féierung. Bartreng huet sech mat engem staarke Laf zum Schluss nees zeréck an d’Partie gekämpft, konnt de Score awer net méi dréinen. D’Ekipp vu Walfer hat mam John Sljachert de beschte Spiller vun der Partie op senger Säit, hie koum op 36 Punkten.
De Basket Esch setzt sech auswäerts mat 76:61 zu Steesel duerch. Nodeems d’Gäscht an der Paus nach 32:38 a Réckstand louchen, konnt d’Ekipp aus dem Süden déi zweet Hallschecht dominéieren an d’Partie am leschte Véierel dréinen. Steesel huet nom Säitewiessel nëmmen nach 23 Punkten gehäit. 19 Punkten huet de Clancy Rugg fir Esch geworf.
Am Ofstigsgrupp wënnt de Racing Lëtzebuerg mat 98:82 géint Mambra Mamer an zitt domat mam Géigner an der Tabell gläich. 28 Punkten goungen op de Kont vum Antunio Bivins bei der Lokalekipp.
Den AB Conter spillt nächst Saison an der Nationale 2. No enger däitlecher 67:104 Néierlag op der Musel ass den Ofstig och mathematesch net méi ze evitéieren. D’Pikes zéien dogéint mat Mamer an dem Racing an der Tabell gläich.
Bei den Damme stoung den éischte Match vun de Serien an der Halleffinall um Programm, déi och am Best-of-Three-Modus gespillt ginn.
Den T71 Diddeleng geet no enger 79:72-Victoire an eegener Hal géint de Basket Esch mat 1:0 a Féierung. D’Lauren Van Kleunen war mat 29 Punkten net ze stoppen, d’Lokalekipp huet sech virun der Paus e Virsprong erausgespillt an dëse bis zum Schluss vun der Partie net méi ofginn.
Den AB Conter setzt sech iwwerraschend auswäerts mat 82:75 géint d’Sparta Bartreng duerch an huet domat d’nächst Woch an eegener Hal e Matchball an der Serie. D’Caileigh Walsh konnt 29 Punkten markéieren, d’Gäscht hunn insgesamt 13 Dräier getraff.