
Den US-President Donald Trump wëll en Arc de Triomphe zu Washington bauen.E Samschdeg huet hien d’Pläng fir de 76 Meter héije Bou presentéiert, op deem e gëllenen Engel an zwéin Adlere solle sëtzen. Um Bous soll “One Nation Under God” an “Liberty and Justice For All” stoen. Et wier dee formidabelsten a schéinsten Triumph-Bou vun der Welt, sou den Donald Trump.
Den US-President huet schonn eng Rei Prestige-Projete lancéiert, fir sech zu Washington ze veréiwegen. Sou gouf de Kennedy-Center an Trump-Kennedy-Center ëmbenannt an d’Wäisst Haus kritt en neie risege Bal-Sall.