
Nodeems Schalke 04 an der Aachtelsfinall vun der Champions League mat 0:7 vu Manchester City aus dem Turnéier eliminéiert gouf, koum kuerz drop déi nächst béis Iwwerraschung fir d'Schalke-Fans. Ronn 100 Fans vum Club hunn missten nom Match mam Ekippe-Fliger vu Borussia Dortmund op Düsseldorf fléien, also eng schwaarz-giel Maschinn mam Logo vum Äerzfeind.
Verschidde Fans solle souguer protestéiert hunn a wëlles gehat hunn, net mat der Maschinn zeréck op Düsseldorf ze fléien.
Wéi e Porte-Parole vun Eurowings matgedeelt huet, wier de Choix vun der Maschinn puren Zoufall gewiescht. Beim Fliger géif et sech ëm eng ganz normal Maschinn dréien, déi eben ëmlackéiert gouf.