ConfirméiertPaolo Amodio gëtt neien Trainer vum FC Déifferdeng03

RTL Lëtzebuerg
Wéi RTL um Méindeg de Moie gemellt huet, gëtt de Paolo Amodio neien Trainer vum FC Déifferdeng 03. Dat gouf via Communiqué bestätegt.
De Paolo Amodio mam Emilio Lobo beim éischte gemeinsamen Training.
De Paolo Amodio mam Emilio Lobo beim éischte gemeinsamen Training.
© Val Wagner

E Sonndeg hat sech de Futtball-Club aus der Cité du fer jo vu sengem Trainer Arno Bonvini getrennt. Den Amodio war schonn an der Saison 2011-2012 eng Kéier Trainer beim FCD03.

Amodio op Déifferdeng/Reportage Franky Hippert

Trotz anstännege Resultater krut de 45 Joer alen Déifferdenger Jong bei senger leschter Statioun beim Progrès Nidderkuer Ufank Oktober de Stull virun d’Dier gestallt. Doropshin hat den Amodio ugekënnegt, seng Trainertafel definitiv un den Nol wëllen ze hänken.

De President vun Déifferdeng, de Fabrizio Bei, huet awer séier gemierkt, datt e Retour op Déifferdeng den Amodio awer géif reizen ...

De President vun Déifferdeng, de Fabrizio Bei

Um Méindeg de Moie koum dunn de Communiqué vum FC Déifferdeng 03, dass de Paolo Amodio bis Juni 2020 als Trainer bei hinnen ënnerschriwwen huet. Hie gëtt assistéiert vum Emilio Lobo.

Artikel: Déifferdeng 03 trennt sech vum Trainer Arno Bonvini

Back to Top
CIM LOGO