
D'Lëtzebuerger Nummer 1 ass zu kengem Moment richteg an de Match komm an huet sech um Enn dann och misse kloer geschloe ginn. No 1 Stonn an 13 Minutte stoung et nämlech 6:2 a 6:3 fir d'Spillerin aus der Belsch, déi et am nächsten Tour vun der Qualifikatioun elo mam Misaki Doi ze di kritt.