Tennis op der KockelscheierOut fir Coco Gauff am 1. Tour géint Anna Blinkova

RTL Lëtzebuerg
D'Resultater vun all de Partien am Eenzel vum Mëttwoch am Iwwerbléck.
© Jean-Paul Frisch

Nodeems déi 15 Joer al Amerikanerin Coco Gauff nach e Sonndeg d'Finall vum WTA-Tournoi zu Linz gewonnen hat an domat hiren 1. WTA-Titel feiere konnt, war e Mëttwoch beim WTA-Tournoi op der Kockelscheier schonns am 1. Tour Schluss. Wat d'Lëtzebuergerinnen ugeet, déi stinn am Dubbel allebéid mat hire jeeweilege Partnerinnen an der Véierelsfinall.

Wat ass e Mëttwoch geschitt?

Eenzel:

D'Denisa Allertova, déi nach e Méindeg d'Mandy Minella an engem richtege Marathon-Match eliminéiert hat, huet e Mëttwoch am 2. Tour vum Haapttableau verluer. D'Tschechin huet sech dem Elena Rybakina aus dem Kasachstan mat 2:6 an 1:6 misse geschloe ginn.

Fir déi fréier Gewënnerin vum WTA-Tournoi op der Kockelscheier, d'Monica Niculescu, war e Mëttwoch dann och schonns Schluss. Am 2. Tour war si der Russin Margarita Gasparyan mat 2:6 a 5:7 ënnerleeën.

D'Viktoria Kuzmova, déi beim Tournoi op der Kockelscheier op 5 gesat war, huet e Mëttwoch dann och eng Néierlag missen astiechen. Si huet sech dem Laura Siegemund aus Däitschland mat 2:6 an 3:6 misse geschloe ginn.

D'Cori "Coco" Gauff hat sech hiren éischte Match am Eenzel op der Kockelscheier da wuel och aneschters virgestallt. Dat 15 Joer aalt Wonnerkand aus den USA huet am 1. Tour mat 4:6 an 0:6 géint d'Russin Anna Blinkova verluer an ass domat eliminéiert.

E Mëttwoch den Owend hunn dunn zwou fréier Gewënnerinne vum WTA-Tournoi op der Kockelscheier géintenee gespillt. D'Misaki Doi hat am Joer 2015 den Tournoi gewonnen an d'Julia Görges d'lescht Joer. E Mëttwoch konnt sech dann och d'Julia Görges duerchsetzen, dat mat 5:7, 6:1 a 6:3.

Nom Out vum Coco Gauff war dann owes och Schluss fir hir Dubbelpartnerin Catherine McNally, déi huet sech nämlech dem Jelena Ostapenko mat 5:7 a 6:7 geschloe ginn.

Dubbel:

Beim WTA-Tennis-Tournoi op der Kockelscheier steet d'Mandy Minella am Dubbel an der Véierelsfinall. D'Lëtzebuergerin huet e Mëttwoch mat hirer Partnerin Xenia Knoll géint d'Koppel Broady/Silva an zwee Sätz gewonnen. Och d'Eléonora Molinaro steet mam Katarzyna Piter an der Ronn vun de beschten 8, dat ouni ze spillen, well d'Géignerinnen net konnten untrieden.

De weidere Programm op RTL

BGL BNP Paribas Luxembourg Open: 1/4-Finallen
Freideg den 18. Oktober vun 12h un déi éischt 2 1/4 Finallen mat Kommentar vum Franky Hippert a Gilles Muller
vun 18h un déi 2 aner 1/4 Finallen mat Kommentar vum Franky Hippert a Gilles Kremer - Programm vum 2. RTL

BGL BNP Paribas Luxembourg Open: 1/2-Finallen
(mat Kommentar vum Franky Hippert a Gilles Muller)
Samschdeg, 19. Oktober vu 14h un - Programm vum 1. RTL

RTL Sport Spezial: Tennis
Samschdeg, 19. Oktober um 19h00 - Programm vum 1. RTL

BGL BNP Paribas Luxembourg Open: Finale
(mat Kommentar vum Franky Hippert a Gilles Muller)
Sonndeg, 20. Oktober vu 15h00 bis 17h30 - Programm vum 1. RTL

Back to Top
CIM LOGO