
Am éischte Virlaf e Samschdeg um 13:15 Auer eiser Zäit ass d'Lëtzebuergerin mat enger Zäit vu 4 Minutten, 14 Sekonnen an 63 Honnertstel op déi 14. Plaz gelaf. Well just déi sechs Éischt aus deenen zwee Virleef an d'Finall kommen, ka si sech deemno net fir d'Finall iwwer 1.500 Meter qualifizéieren. Knapp 4 Sekonnen hunn der Bertemes-Hoffmann op déi 6. Plaz gefeelt.
Déi 29 Joer al Lëtzebuergerin hat sech fir d'Europameeschterschaft duerch hir Plaz an der Weltranglëscht fir d'1.500-Meter-Course qualifizéiert.