
E Samschdeg de Moie goung nach vun 20 Doudege Rieds, dee Bilan ass mëttlerweil depasséiert. Op d'mannst 38 Leit si beim Äerdbiewen ëm d'Liewe komm. Op d'mannst 13 Persoune si blesséiert, dovunner zwou schwéier. Ronn 2.000 Leit hu sech aus eegener Initiativ a Sécherheet bruecht.
D'Flores-Insel, déi vum Biewe getraff gouf, läit am Oste vum Land. Besonnesch bei Touristen ass se beléift als Iwwergang op d'Komodo-Inselen. D'Autoritéiten haten och eng Tsunami-Warnung erausginn an eng Evakuéierung vun de Küste-Gebidder ordonéiert, méi spéit gouf den Alarm awer nees opgehuewen. Den Epizenter soll eng 70 Kilometer vun der Nordküst vun der Insel geleeën hunn. Nom éischte Biewe koumen nach eng Rei staarker no, dorënner eent mat enger Stäerkt vu 6,1.

Och eng Lëtzebuergerin ass den Ament op Flores. D'Tammy Kaiser ass den Ament mat engem Reesgrupp op der Plaz. Am Interview zielt si eis, wéi si d'Biewen erlieft huet:
"Mir sinn aktuell zu Bajawa, dat ass südlech zu Flores. Mir ware bis gëschter zu Riung, also zimmlech no un der Küst vun do, wou d'Séibiewe war. Mir hunn nach alleguer geschlof, et war 6 Auer moies an dunn huet et gewackelt an da sëtzt ee sech emol an d'Bett an dann denkt een: 'okay, dat do ass en Äerdbiewen'. D'Tase sinn hei erofgefall vum Regal, d'Waasserfläsche sinn duerch d'Zëmmer gefall, jo, an dann denkt een: 'okay, du muss raus.' Ech hu fir d'éischt ofgewaart, fält do iergendeppes hei vum Plaffong oder sou? Well ee jo guer keng Erfarung mat esou Situatiounen huet. An do si mer dunn alleguer erausgaangen op d'Strooss, wou dann eigentlech alleguer d'Leit sech versammelt hunn, virum Hotel. Ech si mat engem Reesgrupp hei, dat heescht, ech hunn och do déi aner Leit dann erëmgesinn an, jo, dann ass een eigentlech frou, datt näischt geschitt ass."
No der initialer Angscht, déi ee spiert, géing et elo nees besser goen, well ee gutt vun de lokale Guiden encadréiert wier, erkläert d'Lëtzebuergerin nach. Fir d'Tammy Kaiser geet et an den nächsten Deeg weider op Lombok. D'Rettungsaarbechten zu Flores sinn iwwerdeems nach amgaangen.
Wéinst senger Lag am sougenannte "Pazifesche Feierrank" gëtt Indonesien ëmmer nees vun Äerdbiewe getraff. Ganz uerg war beispillsweis d'Äerdbiewen- an Tsunami-Katastroph an der Provënz Aceh aus dem Joer 2004, bei där eleng an Indonesien 170.000 Leit ëm d'Liewe koumen.