Schwamm-EM zu ParäisRémi Fabiani verpasst Halleffinallen iwwer 50 Meter Fräistil ëm 8 Honnertstel

RTL Lëtzebuerg
Zu Paräis a Frankräich ass e Samschdeg den zweetleschten Dag vun der Europameeschterschaft am Schwammen.
Remi Fabiani
© deepbluemedia

E Samschdeg de Moie waren dräi Lëtzebuerger Schwëmmer op der Schwamm-EM zu Paräis an de Virleef gefuerdert. Den Optakt hunn de Rémi Fabiani an de Ralph Daleiden Ciuferri iwwer 50 Meter Fräistil gemaach. De Rémi Fabiani, deen et iwwer 50 Meter Réck an 100 Meter Fräistil an d'Halleffinalle gepackt hat, huet no 22 Sekonnen a 15 Honnertstel ugeschloen. Hien huet de Sprong an d'Halleffinallen ëm nëmmen 8 Honnertstel verpasst a gëtt um Enn den 22. ënner 77 Schwëmmer. Fir de Ralph Daleiden Ciuferri war et mat engem Chrono vun 22 Sekonnen an 62 Honnertstel déi 48. Plaz.

Duerno ass nach de Finn Kemp iwwer 200 Meter 4 Nages an d'Waasser gaangen. Mat enger Zäit vun zwou Minutten, dräi Sekonnen an 72 Honnertstel gëtt hien de 37. ënner 48 Schwëmmer. Och hei hu sech déi 16 bescht Schwëmmer aus de Virleef fir d'Halleffinalle qualifizéiert. Dofir war eng Zäit vu knapp ënner zwou Minutten néideg.

E Sonndeg geet d'Schwamm-EM op en Enn. Hei ass mam Lou Jominet iwwer 400 Meter Fräistil nach eng Lëtzebuergerin am Asaz.


Liest och dës Artikelen

Back to Top
CIM LOGO