Europameeschterschaft am SchwammenRémi Fabiani am 100-Meter-Fräistil an der Halleffinall, Ralph Daleiden eliminéiert

RTL Lëtzebuerg
Op der EM am Schwammen zu Paräis waren en Dënschdeg de Moien zwee Lëtzebuerger am Asaz. De Rémi Fabiani an de Ralph Daleiden iwwer d'100 Meter Nage libre.
De Rémy Fabiani bei engem Meeting zu Indianapolis an den USA.
De Rémy Fabiani bei engem Meeting zu Indianapolis an den USA (Archivbild)
© FLNS

De Rémi Fabiani huet an enger Zäit vun 48 Sekonnen an 44 Honnertstel seng Serie gewonnen a steet domat an den Halleffinallen. Et war déi 14. séierst Zäit vun alle Starter, an eng nei perséinlech Beschtzäit a gläichzäiteg och en neien nationale Lëtzebuerger Rekord.

De Ralph Daleiden gouf an der selwechter Serie de 4. op 28 Honnertstel an huet de Sprong ënnert déi bescht 16 verpasst. D'Halleffinall fir de Rémi Fabiani ass en Dèenschdeg den Owend um 19:30 Auer.

Back to Top
CIM LOGO