Mir fänken eis Summerserie am Éislek un. An de Lëtzebuerger Ardennen am Norde vum Grand-Duché gëtt et nieft ofwiesslungsräichen Trëppelweeër och eng Hellewull Schlässer an aner historesch Gebaier ze entdecken.
D'Veianer Schlass ass eent vun de Warzeeche vum Land. Mat der Fotoausstellung "Family of Man" zu Clierf gëtt et donieft och ee kulturellen Highlight, dee Leit aus der ganzer Welt ulackelt am zum Unesco Weltkulturierwe gehéiert. Fir Geschichtsinteresséierter gëtt et de Militärmusée zu Dikrech an d'Gedenkplaz um Schumann's Eck, wou d'Ardennenoffensiv tëscht 1944 an 1945 besonnesch bluddeg war. Am Summer ass den Éislek och bei Lokaltouristen beléift - besonnesch wann d'Temperature klammen. Déi verschidde Plagë ronderëm de Stauséi sinn da gutt besicht vu Leit, déi op e bëssen Ofkillung hoffen.
De Fotograf Domingos Oliveira war fir RTL am Norde vum Land ënnerwee an huet déi schéinsten Ausbléck a Gebaier festgehalen. All Dag fannt Dir hei eng Galerie vun enger neier Plaz.
Clierf
En Tour duerch d'Land a fënnef Regiounen: Clierf (11.08.26)
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.
Wolz
En Tour duerch d'Land a fënnef Regiounen: Wolz (12.08.26)
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.
Esch-Sauer
En Tour duerch d'Land a fënnef Regiounen: Esch-Sauer (13.08.26)
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.
Ettelbréck
En Tour duerch d'Land a fënnef Regiounen: Ettelbréck (14.08.26)
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.
Dikrech
En Tour duerch d'Land a fënnef Regiounen: Dikrech (15.08.26)