
Fréi hat sech eng Echappée aus 7 Coureuren ofgesat, déi awer an der Schlussmontée eng 5 Kilometer viru Schluss vum Peloton agefaange gouf. Ronn 2 Kilometer virun der Arrivée huet de Maillot Jaune Andrew August attackéiert an de jonken US-Amerikaner war et dann och, dee sech am Schlusssprint virun de verbleiwende Konkurrenten duerchsetze konnt. Komplettéiert gëtt de Podium vun den Italieener Alessandro Fancellu an Domenico Pozzovivo, déi als eenzeg Coureuren no der Attack um August drubliwwe waren. Et ass deemno de selwechte Podium wéi schonn op der 2. Etapp e Freideg.
Am General baut den August seng Féierung mat der 2. Etappevictoire aus an huet elo eng Avance vun 11 Sekonnen. Och hei leien hannert him mam Alessandro Fancellu an dem Domenico Pozzovivo (+0:23) déi selwecht Coureuren.
Mam Bob Jungels an dem Mats Wenzel sinn an Tschechien och zwee Lëtzebuerger mat dobäi. No enger ganz staarker 7. Plaz e Freideg ass de Wenzel, deen dëst Joer bei der Vuelta mat um Depart ass, e Samschdeg den 39. ginn (+2:15) a läit am General domat elo op der 26. Plaz. De Jungels ass iwwerdeems als 88. iwwer d'Zillinn gefuer (+10:42), am General ass hien den Ament och den 88..
1 August Andrew Netcompany INEOS 4:03:39
2 Fancellu Alessandro MBH Bank CSB Telecom Fort 0:01
3 Pozzovivo Domenico Solution Tech NIPPO Rali 0:06
4 Ježek Václav Kasper crypto4me 0:13
5 Breuillard Nicolas TotalEnergies ,,
6 Svestad-Bårdseng Embret Netcompany INEOS ,,
7 Pękala Piotr ATT Investments ,,
8 Tolio Alex Bardiani CSF 7 Saber ,,
9 Turconi Filippo Bardiani CSF 7 Saber ,,
10 Bock Max Red Bull - BORA - hansgrohe Rookies ,,
...
39 Wenzel Mats Equipo Kern Pharma 2:15
88 Jungels Bob Netcompany INEOS 10:42
1 August Andrew Netcompany INEOS 11:26:02
2 Fancellu Alessandro MBH Bank CSB Telecom Fort 0:11
3 Pozzovivo Domenico Solution Tech NIPPO Rali 0:23
4 Turconi Filippo Bardiani CSF 7 Saber 0:40
5 Bock Max Red Bull - BORA - hansgrohe Rookies 0:48
6 Breuillard Nicolas TotalEnergies 0:52
7 Ježek Václav Kasper crypto4me ,,
8 Svestad-Bårdseng Embret Netcompany INEOS ,,
9 Gutiérrez Jorge Equipo Kern Pharma ,,
10 Covili Luca Bardiani CSF 7 Saber 0:58
...
26 Wenzel Mats Equipo Kern Pharma 2:48
88 Jungels Bob Netcompany INEOS 21:50