
Domat steet déi jonk Lëtzebuergerin an der Halleffinall vum ITF-Tournoi. An der Ronn vun de leschte 4 kritt d'Spillerin vun der Schéiss et elo mam Priscilla Heise ze dinn. D'Spillerin aus Frankräich konnt sech e Freideg géint hir Landsfra Margot Yerolymos duerchsetzen, déi beim Tournoi op 1 gesat war.