Kuurne - Bréissel – KuurneMatthew Brennan am Sprint dee Séiersten

RTL Lëtzebuerg
Den Alex Kirsch ass d'Course net op en Enn gefuer.
© AFP

Mat Kuurne - Bréissel – Kuurne stoung e Sonndeg de zweete Klassiker vun der Vëlossaison um Programm. No iwwer 194 Kilometer ass d’Entscheedung em d’Victoire am Sprint gefall. An hei war de Coureur vum Team Visma Lease a Bike dee Séiersten. De Britt ka sech virun deenen zwee Italieener Luca Mozzato a Matteo Trentin duerchsetzen.

De Kevin Geniets ass iwwerdeems e Sonndeg mat senger Ekipp Groupama - FDJ United a Frankräich bei der 14. Editioun vu Faun Drome Classic un den Depart gaangen. Fir seng Ekipp ass et dann och ideale verlaf, konnt sech dem Lëtzebuerger säi Co-Ekippier Romain Grégoire d’Victoire sécheren. De Kevin Geniets klasséiert sech als 121. mat iwwer 13 Minutte Retard.

E Samschdeg hat sech beim Optakt vun der Klassiker-Saison beim Omloop Nieuwsblad de Mathieu van der Poel (Alpecin-Premier Tech) en solitaire duerchgesat.

Top 5 vu Kuurne - Bréissel – Kuurne

1 Brennan Matthew Team Visma | Lease a Bike 04:26:05
2 Mozzato Luca Tudor Pro Cycling Team + 00
3 Trentin Matteo Tudor Pro Cycling Team + 00
4 Govekar Matevz Bahrain Victorious + 00
5 Teunissen Mike XDS Astana Team + 00

Back to Top
CIM LOGO