Internationale FuttballLeverkusen gewënnt am Schnéichaos zu Hannover

RTL Lëtzebuerg
An England klappt Liverpool Burnley mat 2:0 an Chelsea kënnt net iwwert en 1:1 eraus. Lille sëtzt sech mat engem knappen 1:0 géint Saint-Etienne duerch.
© afp (Archiv)

Bundesliga

Hoffenheim - Nürnberg 2:1

Hoffenheim war déi däitlech besser Ekipp a war héichverdéngt mat 1:0 a Féierung no den éischte 45 Minutten. Nodeems Hoffenheim en éischten Eelefmeter no Videobeweis oferkannt krut, huet den Arbitter an der 25. Minutt nach eng kéier op de Punkt gewisen nodeems den Erras de Ball widdert d'Hand krut. De Kramaric ass cool bliwwen an huet de Mathenia an den aneren Eck gescheckt. No 61 Minutten konnt Nürnberg dann awer ausgläichen wéi de Behrens aus 10 Meter ofzéie konnt an dem Baumann am Gol ass de Ball nach ënnert dem Kierper duerchgerutscht. Hoffenheim wollt sech awer net mat engem Punkt zefridde ginn an et war nees de Kramaric deen de Ball artistesch mat der Hack iwwert d'Linn drécke konnt. Zu dësem Moment war et éischter glécklech fir Hoffenheim a batter fir Nürnberg.

Hannover - Leverkusen 2:3

Et war eng ganz verréckt 1. Halschent zu Hannover wëll mam Ufank vum Match huet et och ugefaange mat schneien wat zu e bësse Chaos gefouert huet an et war net méi gutt Fussball ze spillen. Leverkusen konnt am ganze Chaos awer iergendwéi 2 Goler markéieren. No engem Schoss vum Brandt huet den Esser just op d'Säit ofgewiert an do stoung de Volland an huet de Ball an de Gol geschoss. An der 28. Minutt ass de Volland no enger Pass vum Brandt op den Esser zougelaf, huet de Ball iwwert de Golkipper geschoss an de Ball ass am Gol gelant. Puer Minutten dono hätt Hannover bei all normale Match den 1:2 geschoss wéi den Haraguchi op den eidele Gol geschoss huet mee de Ball ass opgrond vum Schnéi einfach op der Linn leie bliwwen.

No der Paus huet Hannover ordentlech Drock gemaach a Leverkusen war alles anescht wéi souverän. Hannover konnt sech eng Chance no där anerer erausspillen an hunn och direkt e puer mol de Wee an de Gol fonnt. An der 51. Minutt den 1:2 duerch de Jonathas dee mam Kapp de Ball an de Gol geschoss huet. No 73 Minutten dann den Ausgläich duerch en Eegegol vum Mitchell Weiser. De Hradecky konnt e Kappball vum Weydandt nach ganz staark paréieren mee no der Parade ass de Ball widdert dem Weiser säin Uewerschenkel gesprongen a vun do aus an de Gol. An der 87. Minutt huet Leverkusen awer nees zeréck geschloen an den Havertz konnt no enger Flank de Ball an de Gol käppen.

Premier League

Liverpool - Burnley 4:2

Liverpool hat iwwert de ganze Match gesinn méi Spillundeeler mee huet sech phaseweis an der 2. Halschent wäit zeréck gezunn mee konnten de Match awer ganz verdéngt gewannen. 2x Firmino an 2x Mané hu mat hire Goler dëse Match entscheet. Fir Burnley hunn de Westwood an de Gudmundsson getraff.

Chelsea - Wolverhampton 1:1

Laang louch Chelsea géint Wolverhampton am Réckstand nodeems de Jimenez an der 56. Minutt den 1:0 schéisse konnt. Mee et war de Belsche Superstar, Eden Hazard, dee senger Ekipp mat engem Gol an der 92. Minutt e Punkt rette konnt.

Arsenal - Manchester United 2:0

Géint Arsenal huet Manchester United seng éischt Néierlag an der Premier League ënnert dem Solskjaer erlidden. Fir Arsenal hunn de Xhaka (12.') an den Aubameyang (69.') d'Goler markéiert. An der Tabell huet Arsenal sech mat dëser Victoire laanscht Manchester United op déi 4. Plaz gespillt.

Ligue 1

Saint-Etienne - Lille 0:1

Et huet bis zur 87. Minutt gedauert bis de Pepe Lille erléise konnt an den 1:0 schéisse konnt. Bei Saint-Etienne sinn an de Schlussminutten d'Nerven mat duerch gaangen wéi an der 90. Minutt den Debuchy déi giel-rout Kaart gesinn huet an an der 93. Minutt krut de Khazri wéinst onsportlechem Verhalen déi glat rout Kaart.

Serie A

Inter Mailand - SPAL 2:0

Mat 2:0 ka sech Inter géint SPAL duerchsetzen an huet domadder seng Pflichtaufgab erledegt. D'Goler hunn den Politano (67.') an de Gagliardini (77.') geschoss.

Back to Top
CIM LOGO