
Den éischte Match vun dësem Duell huet d'Eleonora Molinaro (WTA 438) géint d'Chiraz Bechri (net klasséiert) bestridden. Am éischte Saz huet sech d'Molinaro nach e bësse schwéier gedoen mee konnt schlussëndlech mat 7:5 gewannen. Am 2. Saz huet d'Lëtzebuergerin da manner Problemer mat der Tuneserin kannt an huet mat 6:2 gewonnen. Sou huet d'Eleonora Molinaro den éischte Match zimlech souverän mat 2:0 gewonnen.
Am zweeten Eenzel krut d'Mandy Minella (WTA 99) et mam Ons Jabeur (WTA 56) ze dinn. Nodeems d'Minella am éischte Saz no engem Break géint sech iwwert déi meescht Zäit am Réckstand louch, konnt d'Lëtzebuergerin zum Schluss e Break realiséieren a konnt dësen dann och mat 7:5 gewannen. Am zweete Saz huet d'Mandy Minella der Tunesierin da keng Chance gelooss a gewënnt no enger staarker Prestatioun dësen mat 6:1. Den Dubbel gouf net méi gespillt.
Soumat gewënnt Lëtzebuerg géint Tunesien an huet den Opstig an d'Europa-Afrika-Grupp 1 perfekt gemaach.
FOTOGALERIE: Andréck vum Roland Miny op pressphoto.rtl.lu.

RTL-News: FOTOEN a VIDEO: Fed Cup - Lëtzebuerger Damme wanne fir den Optakt souverän géint SüdafrikaRTL-News: FOTOEN A VIDEO: Fed Cup - Lëtzebuerger Damme klappen och Portugal a stinn an de PlayoffenRTL-News: FOTOEN a VIDEO: Fed Cup: FLT-Damme spille géint Tunesien ëm den Opstig
FOTOGALERIE: Andréck vum Val Wagner Lëtzebuerg - Tunesien
FOTOGALERIE: De Val Wagner war bei Lëtzebuerg-Portugal an Israel-Südafrika derbäi.
FOTOGALERIE: De Val Wagner war bei Lëtzebuerg-Israel a Portugal-Südafrika derbäi