Feier um Plateau vum Héije Venn"Solidaritéit ass normal, et ass eist Land, wat brennt"

Jeannot Ries
D’Nouvelle vum Dag: Et huet endlech ugefaange mat reenen an och d’Temperature sinn erofgaangen.
"Solidaritéit ass normal, et ass eist Land, wat brennt"
D’Nouvelle vum Dag: Et huet endlech ugefaange mat reenen an och d’Temperature sinn erofgaangen.

Den RTL-Journalist Jeannot Ries huet sech ëm 19 Auer live vun der Plaz an de Journal eragemellt:

"Haut koum de Reen, an deen huet awer net mat sech bruecht, datt d'Feier ausgaangen ass. Den Torf, dee brennt nach ëmmer. D'Feier huet sech iwwert de Weekend esou déif an de Buedem eragefriess, datt déi Quantitéit u Reen, déi haut erofkomm ass, net duergaangen ass, fir d'Feier wierklech an den Torf eran naass ze maachen.

An dat ass och eng vun de grousse Suerge vun de Pompjeeën. Dofir si se den Ament amgaangen, Vollgas ze ginn, fir esou vill Waasser wéi méiglech drop ze schëdden, well muer soll et erëm dréche ginn. Et ass ganz vill Wand hei uewen um Plateau an dee Wand kéint muer d'Feier erëm nei entfachen.

De Jeannot Ries live vu Sourbrodt den 18. August 2026.
De Jeannot Ries live vu Sourbrodt den 18. August 2026.
© RTL

Mir hunn et haut selwer materlieft op Plazen am Bësch, wou net vill Waasser erofkoum a wou de Buedem nach relativ dréche war. Do huet de Wand d'Feier ganz séier nees ugedriwwen.

E Wand, deen iwwregens den Damp an d'Richtung vun Däitschland bléist. Bis op Köln war deen haut ze spieren an ze gesinn.

An de Ree vun haut huet och mat sech bruecht, datt d'Konditioune fir ze schaffen nach méi komplizéiert gi fir d'Pompjeeën. Nämlech do, wou de Weekend iwwer nach Stëbs war, ass an Tëschenzäit Bulli. [...]

A wierklech: D'Aarbecht wäert déi nächst Deeg an och déi nächst Wochen net einfach sinn. Et geet rieds vu Wochen, bis hei de Brand wierklech ganz aus ass"

"Solidaritéit ass normal, et ass eist Land, wat brennt"

Et war d'Nouvelle vum Dag: Et huet endlech ugefaange mat reenen, an och d’Temperature sinn erofgaangen. Ma de Reen vun haut ass um Enn vläicht just eng Drëps op de waarme Steen, well sech d’Feier an der Tëschenzäit plazeweis iwwer 30 bis 40 Zentimeter déif an den Torf eragefriess huet.

"Il y des places ou il y jusqu’à 6, 7 mètres de tour, hein. Alors là, à mon avis, ça va durer longtemps. Ils vont devoir arrêter à la fuite pendant plusieurs semaines."

D’Situatioun wier stabil, sou d’Informatioun vum Mëtteg aus dem Krisenzenter. D’Autoritéiten hunn elo een Objektiv: d’Feier ze stoppen, fir datt et sech net weider a Richtung Nordosten, also Richtung Däitschland, ausbreet. Eng haart Aarbecht fir d’Pompjeeën, déi an Tëschenzäit aus der ganzer Belsch kommen.

De Reen huet en Dënschdeg dann och nei Erausfuerderunge mat sech bruecht. Déi néng Läschfligere respektiv Helikoptere konnten de ganzen Dag iwwer net fléien. A verzichten huet een och missen op d’Ënnerstëtzung vun de Baueren. Déi schmuel Bëschweeër waren ze glëtscheg. Betraff dovu waren en Dënschdeg och Lëtzebuerger, déi just moies nach emol kuerz an den Asaz koumen.

"Säit de Moien huet et gutt ugefaange mat reenen. Leider ass d’Loft, déi eis och e bëssen dertëscht gefunkt huet, well da leider e puer Beem ëmgefall waren. An dofir ass dat Ganzt dann och e bëssen ofgebrach ginn, well d’Feier och zimmlech ënner Kontroll ass. Mee d’Gefor einfach, dass, wann s de dann an de Bësch erafiers mat de Gefierer, dass e Bam op en Trakter fält oder esou, ass ze grouss."

Dausende Liter wäerten d’Pompjeeën iwwer déi nächst Woche missen op déi 3.000 Hektar schëdden, fir de Sickerbrand am Torf ze erstécken. Ekippen, déi iwwer Stonnen dacks isoléiert am Asaz sinn.

Den Dominique an de Bernard gehéieren zu deenen Awunner, déi zanter den éischte Stonne fräiwëlleg Pompjeeë mat Iessen a Gedrénks versuergen.

"Depuis vendredi, on tourne. [...] Le matin, on fait la tournée des cafés. Et on se rend compte que, quand ils nous voient arriver, ils sont: 'Oh!' Ils sont soulagé de nous voir. Vous l’avez constaté tantôt, ils sont bien contents qu’on vienne les voir. Parce qu’ils sont un peu oubliés, là, hein, s’ils sont au milieu du bois, hein. On peut les soigner, quoi."

D'Solidaritéit – si stécht an d’Aen hei um Plateau vum Héije Venn. "Normal, et ass eist Land, wat brennt", sou déi spontan Äntwert, wann een d’Leit drop uschwätzt.

Back to Top
CIM LOGO