
Juventus Turin - AS Roum 3:1
Déi éischten Hallschent vun der Partie huet definitiv der Ekipp aus Turin gehéiert. An der 26. Minutt war et keen anere wéi de Christiano Ronaldo deen no enger Virlag vum Higuain den 1:0 markéiere konnt. An der 38. Minutt dunn koum schonn den 2:0, dat no engem Gol vum Bentancur. An der Nospillzäit vun der éischter Hallschent ass dunn och nach den 3:0 gefall, dat no engem Gol vum Bonucci.
Deen eenzege Gol an der Nospillzäit goung dann op de Kont vu Roum, ma awer net vun der Ekipp selwer geschoss, mä duerch e Selbstgol vum Gianluigi Buffon. Beim Resultat vun 3:1 soll et dann no 90 Minutten och bleiwen.
Tottenham Hotspurs - Norwich City 2:1
Et war e Match tëscht 2 Ekippen, déi béid mat hirer Tabellesituatioun net zefridde kënne sinn. De Finalist vun der Champions League vu leschter Saison huet schonn 9 Punkte Retard op eng direkt Champions League Plaz an Norwich ass mat 6 Punkte Retard wäit ofgeschloen um Wupp vun der Tabelle. Béid Ekippen hunn also déi 3 Punkte gebraucht.
Den éischte Gol vun der Partie ass no 38 Minutte gefall, hei war et den Dele Alli dee fir Tottenham markéiere konnt. 1:0 goung et dann och no 45 Minutten an d'Kabinnen. An der 70. Minutt ass et dunn awer méi spannend ginn, dat well Norwich, no engem Eelefmeter op 1:1 ausgläiche konnt. De Pukki huet de Gol hei konnte markéieren. Ma no nëmmen 9 Minutte louch d'Ekipp aus Tottenham awer nees 2:1 fir, dat no engem Gol vum Son Heung-min. Och mat 7 Minutten Nospillzäit ass et Norwich net méi gelongen auszegläichen, sou dass et beim 2:1 fir d'Hotspurs bliwwen ass.
All d'Resultater an Tabell am Iwwerbléck
Mat vill Chance an duerch zwee Goaler vum Antoine Griezmann ass de FC Barcelona an der spuenescher Coupe esou just laanscht eng Blamage komm. Den aktuelle Coupegewënner konnt sech auswäerts 2 – 1 géint UD Ibiza behaapten.
An der Paus louchen d’Katalane géint d’Ekipp aus der 3.Divisioun 0 – 1 hannen. Ronn 20 Minutte viru Schluss ass dem Antoine Griezmann den Ausgläich gelongen. Réischt an der Nospillzäit ass den zweete Goal fir Barça gefall. De franséischen Nationalspiller konnt no enger Pass vum Jordi Alba de Ball hannert d’géigneresch Gollinne bréngen.
Ouni Lionel Messi, Sergio Busquets a Gerard Pique huet de FC Barcelona géint UD Ibiza gespillt.