Biathlon-WMJohannes Thingnes Bö wënnt Gold iwwer 10 Kilometer

RTL Lëtzebuerg
Déi weider Plazen um Podium goungen un de Russ Loginov an de Fransous Fillon Maillet.

Bei der Biathlon-Schiweltmeeschterschaft am schwedeschen Östersund stoungen um Samschdeg déi 10 Kilometer bei den Hären um Programm.
Um Enn konnt sech de Norweger Johannes Thingnes Bö Gold sécheren, dëst mat enger Avance vun 13 Sekonnen a 7 Zéngtel virum Alexander Loginov aus Russland. Drëtte gouf de Quentin Fillon Maillet mat engem Retard vu 16 Sekonnen an 8 Zéngtel op de Vainqueur. Knapp geschloe war den Dmytro Pidruchnyi, deen um Enn op 3 Zéngtel de Podium als 4. verpasst hat.

Back to Top
CIM LOGO