
Bei den Damme stinn direkt zwou Halleffinallen e Samschdeg den Owend um Programm. Dikrech huet hei Stroossen op Besuch a Bartreng ass op Fenteng gereest.
Bei den Hären war et d'Ausernanersetzung tëscht dem Chev a Stroossen, an där d'Ekipp vun der Sauer mat 3:2 d'Iwwerhand behalen huet.
Fenteng - Bartreng 3:2
E richteg gudden a spannende Match kruten d'Spectateuren zu Fenteng ze gesinn am Match tëscht der Heemekipp a Bartreng.
Den éischte Saz konnt sech Bartreng nach mat 25:22 fir sech entscheeden mee dono huet Fenteng e Gang eropgeschalt a gewannen den 2. Saz mat 25:21. Den drëtten sollt dann iwwerraschend däitlech ausfalen wéi Fenteng dësen mat 25:16 gewanne konnt.
Mee Bartreng wollt weisen dat se méi kennen an hunn de 4. Saz mat engem ganz enken 25:23 fir sech entscheet a konnten esou nees ausgläichen.
De leschten Saz sollt e richtege Krimi ginn wëll béid Ekippen hunn ëm dës Victoire gekämpft an et waren déi Fentenger déi mat engem 15:13 dëse Match da schlussendlech gewanne konnten.
Dikrech – Stroossen 3:2
Déi nach ganz jonk Ekipp vun der Sauer ass e Samschdeg den Owend op d’Routiniere vun der Gym getraff. Dikrech ass awer als liichte Favorit an dës Partie gaangen a konnt deen 1. Saz mat 25:23 fir sech entscheeden. Den 2. Saz goung du mat 25:23 un de Gaascht vu Stroossen.
Et war een Hin an Hier, well direkt am 3. Saz konnt d'Lokalekipp op en Neits gewannen - déi Kéier mat 25:20. Duerno am 4. Saz waren et erëm d'Gäscht, déi d'Nues mat 25:22 virhaten - deemno goung et beim Stand vun 2:2 an de 5. Saz.
An dësem hat d'Gym eng 3:0-Avance erausgespillt, ma d'Lokalekipp huet dunn awer opgedréint an och de leschte Saz fir sech entscheet, dat mat 15:11.
LINK: Resultater vun den HärenhalleffinallenOch am Häre Playdown gouf gespillt:
Walfer – VC Belair 3:1
Luerenzweiler - Esch 1:3
LINK: Resultater aus dem Playdown
Walfer – Péiteng 3:0
D’Residence ass als klore Favorit an de Match géint Péiteng gaangen. Och wann d’Betty Hoffmann no enger Blessur hirer Ekipp nach ëmmer net zur Verfügung steet, konnt een eng staark Leeschtung vun de Walfer Dammen erwaarden. An dat hu si direkt am 1. Saz mat engem 25:14 ënner Beweis gestallt.
Och den 2. Saz goung däitlech mat 25:13 fir d'Residence aus. Den 3:0 gouf dunn am 3. Saz kloergemaach, dat no engem méi knappen 25:23-Erfolleg.
Dikrech – Stroossen 3:0
De Chev Dikrech hat mat der Gym ee ganz schwierege Géigner op Besuch. Och wann de Chev als liichte Favorit an d’Partie gaangen ass, huet keng einfach Aufgab op déi Dikrecher Formatioun vun der Trainerin Svetalan Stoyanova gewaart.
D'Lokalekipp huet awer eng souverän Leescht gebueden an direkt den 1. Saz mat 25:13 gewonnen. Och den 2. Saz goung erfollegräich op en Enn, dat mat engem 25:19. De leschte Saz war du just nach eng Saach vun der Form a goung mat 25:22 fir d'Dikrecher Dammen op en Enn.
LINK: Resultater vun den DammenhalleffinallenOch am Damme Playdown gouf gespillt, hei d’Resultater:
VB Iechternach – Stengefort 0:3
Mamer – Stroossen 3:0