Den Tëtelbierg, mat Spuere vu Kelten a Réimer, den Train 1900, de Giele Botter, de Prënzebierg, bei der Giedel, dat kléngt alles e bëssen wéi an engem Mäerchen. D'Zäit fir ze dreeme blouf awer kaum fir d'Trailleefer. Et goung iwwer Schinnen a Schlaken a kräfteg biergop a biergof.
Do wou fréier geschweesst gouf, fir de Räichtum vun eisem Land opzebauen, sinn dëse Sonndeg d'Schweessdrëpse vun der Ustrengung wärend dem Lafen iwwert d'Stier gelaf.
Wann een hei fir d'éischt Kéier ënnerwee ass, dann ass een iwwerrascht, wéi pittoresk d'Landschaft an d'Spuere vu vergaangenen Zäite sinn.
Viru 6 Joer huet de Liichtathletikveräi Red Boys Union Athletique Péiteng mam Trail ugefaangen. Virdrun hate si Erfarunge mam Tëtelbierglaf gesammelt.