
D'Molinaro hat am éischten Tour schonns mat 1:6, 6:3 a 6:2 géint d'Qualifikantin Amanda Carreras aus Groussbritannien gewonnen. D'Spillerin vun der Schéiss ass bei dësem Tournoi op 6 gesat a kritt et am nächsten Tour mam Alize Lim aus Frankräich ze dinn. Déi 28 Joer al Franséisin ass zu Gonesse op 3 gesat.