ITF Tounoi zu AntalyaEleonora Molinaro no Victoire an der Finall

RTL Lëtzebuerg
Um Sonndeg ass d'Finall géint d'Maryna Chernyshova aus der Ukrain.

Um Samschdeg stoung d'Eleonora  Molinaro an der Halleffinall vum ITF-Turnoi an Antalya an der Tierkei. Nodems d'Lëtzebuergerinn am éischte Saz nach mat 4:6 ënnerleeë war, konnt sech déi op 2 gesate Spillerin den zweete Saz mat 6:4 sécheren. Hir Géignerin, d' Yukina Saigo aus Japan konnt am drëtte Saz net méi mathalen, a sou konnt d'Lëtzebuerger sech den entscheedende Saz mat 6:2 erkämpfen a steet an der Finall, déi um Sonndeg gespillt gëtt. Do wäert mam Maryna Chernyshova allerdéngs och erëm eng staark Erausfuerderung.

Back to Top
CIM LOGO