No engem Joer Aarbecht, vill Organisatioun, net esou einfache Momenter, mat 2 Ofsoe vun 2 fréieren Nummer 1. an enger flotter Finall huet d'Dan Maas, Direktesch vun de Luxembourg Open, am Sport-Journal op der Tëlee e Sonndeg den Owend de Bilan vun der Editioun 2019 gezunn.
D'Julia Görges huet der Direktesch vum Tournoi, Dan Maas, nach e Sonndeg den Owend matgedeelt, datt wa si d'nächst Joer nach eng Kéier op der Kockelscheier géing spillen, da géing si gäre mam Mandy Minella am Dubbel untrieden, fir der Lëtzebuergerin esou ee schéinen Ofschloss vun hirer Karriär ze erméiglechen. D'Lëtzebuergerin hänkt jo no der Saison 2020 d'Tennisrackett un den Nol.