
Am Eenzel bei den Hären huet sech de Luka Mladenovic a senger Véierelsfinall kloer mat 4:0 géint de Kevin Kubica behaapt. Genau esou däitlech konnt sech de Gilles Michely duerchsetzen. Hie klappt den Arlindo de Sousa mat 4:0.
Den Titelverdeedeger Eric Glod huet och absolut näischt ubrenne gelooss beim 4:1 géint den Ademir Balaban. Méi enk war et dann awer am Match tëscht dem Traian Ciociu an dem Christian Kill. Um Enn konnt sech de Christian Kill awer mat 4:2 behaapten. D'Halleffinallen e Sonndeg sinn deemno:
Luka Mladenovic - Gilles Michely
Christian Kill - Eric Glod
Bei den Damme spillt an der Halleffinall d‘Tessy Gonderinger géint d‘Egle Tamasauskaite. An der zweeter Halleffinall kritt d‘Sarah de Nutte et mam Lena Grein ze dinn, dat sech mat 4:2 géint d‘Carole Hartmann duerchsetze konnt. D'Halleffinallen e Sonndeg sinn deemno:
Tessy Gonderinger - Egle Tamasauskaite
Sarah de Nutte - Lena Grein