Et ass deen eenzege Veräin hei am Land deen dëse Sport ubitt. Souwuel Dammen ewéi Hären däerfe matspillen.
Zil vun de Veräinsresponsabelen ass et, dës Sportaart hei am Grand-Duché z'etabléieren an och emol eng Federatioun ze grënnen.
Ablécklech ass eemol d'Woch Training. Ëmmer Mëttwochowes tëscht 7 an hallwer 9. Hei ass dann och jidderee wëllkomm.