
Fir eng weider Iwwerraschung huet déi 15 Joer jonk Cori Gauff gesuergt. US-Amerikanerin huet nom Venus Williams och d'Titelverdeedegerin Naomi Osaka eliminéiert. An der 3. Ronn huet si sech an 2 Sätz mat 6:3 a 6:4 géint d'Japanerin duerchgesat. D'Gauff huet an der Rod Laver Arena no enger Stonn a 7 Minutten hiren éischte Matchball verwandelt.
D'Serena Williams ass iwwerdeems op der Juegd nom 24. Eenzeltitel bei engem Grand-Slam-Tournoi an domadder dem Rekord vun der Australierin Margaret Court eng weider Kéier gescheitert. D'US-Amerikanerin huet e Freideg an der drëtter Ronn an engem dramatesche Match an 3 Sätz mat 4:6, 7:6 (7:2) a 5:7 géint d'Chinesin Wang Qiang verluer.
Déi 38 Joer al Williams huet zanter hirer Victoire zu Melbourne virun dräi Joer nëmmen den Tournoi zu Auckland/Néiséiland gutt eng Woch virun den Australian Open gewonnen. 2018 an 2019 war si eréischt an der Finall vu Wimbledon a bei de US Open um 24. Grand-Slam-Titel gescheitert.
Donieft huet d'Caroline Wozniacki hir leschte Match an hirer Tennis-Karriär gespillt. Déi 29 Joer Dänin huet an 3 Sätz mat 5:7, 6:3 a 5:7 géint d'Tunesierin Ons Jabeur verluer. D'Dänin hat d'lescht Joer ugekënnegt, datt d'Australian Open de leschten Tournoi an hirer Karriär waren.
Fir d'Mandy Minella gouf et ee feine Succès. D'Lëtzebuergerin steet am Dubbel am 2. Tour.
Den Novak Djokovic steet bei den Hären no enger klorer 3-Saz-Victoire (6:3, 6:2 a 6:2) géint den Yoshihito Nishioka aus Japan an den Aachtelsfinallen.