
Beim WTA-Tournoi zu Linz huet si sech an der Finall mat 6:3, 1:6 a 6:2 géint déi fréier Roland-Garros-Gewënnerin Jelena Ostapenko duerchgesat. Wat dat ganzt nach méi kuriéis mécht, ass, dass si eigentlech schonns eliminéiert war, well si an der Qualifikatioun géint d'Tamara Korpatsch verluer hat. Eréischt ewéi d'Maria Sakkari ofgesot huet, ass si nach als Lucky Loserin an den Haapttableau komm.
Mat 15 Joer a 7 Méint ass si awer net déi jéngst Spillerin, déi jee ee WTA-Tournoi gewonnen huet, dat war nämlech 1977 d'Tracy Austin, déi mat 14 Joer an 28 Deeg zu Portland gewonnen hat.
Neie WTA-Ranking
E Méindeg koum deen neie WTA-Raking eraus. Do ass déi jonk Tennis-Vedette elo op der Positioun 71 gelëscht - si huet deemno d'Top-100 geknackt.
Souwuel d'Cori Gauff wéi och d'Jelena Ostapenko stinn och beim WTA-Tournoi op der Kockelscheier am Haapttableau, deemno ka sech deemnächst och de Lëtzebuerger Public op dës zwou Spillerinne freeën.