
Bei de Commonwealth-Spiller 2022 dierfen d'Spiller knéien, fir hir Solidaritéit mat der "Black-Lives-Matter-Beweegung" (engl. "Schwaarz Liewe si wichteg") ze weisen, seet de Generaldirekter vun de Spiller David Grevemberg.
Den US-Amerikaner wiert sech géint Kritik, hie géif d'Këscht vun der Pandora opmaachen a wéilt de Sport politiséieren. "Nee, mir respektéieren de Leit hiert Recht, hir Meenung ze soen", sot den David Grevemberg. "Black Lives Matter" géif alleguer d'Institutiounen opfuerderen, ze kucken, wéi se méi fair, méi fräi, méi egalitär a méi gerecht kéinte sinn, och de Sport. D'Fro vun de Mënscherechter hätt scho laang hir Plaz am Sport, et géif een hei net engem Trend nolafen, ma eng Konversatioun weiderféieren, déi et scho laang géif ginn, esou de Grevemberg.
D'Commonwealth-Spiller hätten eng Geschicht vum Respekt vun der Meenungsfräiheet, sot den David Grevemberg. Déi australesch Athletin an Aborigine Cathy Freeman hat 1994 fir Schlagzeilen uechter d'Welt gesuergt, wéi si hir Éiereronn mam Fändel vun den australeschen Urawunner gedréint huet, nodeems d'400- an d'200-Meter-Course gewonnen huet.
Och de President vum Olympesche Kommitee Thomas Bach gouf dës Woch gefrot, ob d'Athlete bei den Olympesche Spiller 2021 zu Tokyo dierfe knéien. Hie sot, et wier un der "Olympic Athletes' Commission", déi d'Athleten am olympesche Kommitee representéiert, eng Propositioun ze maachen, wéi d'Sportler sech mat Dignitéit an am Respekt vun den olympesche Prinzippien ausdrécke kéinten.

Dee wuel bekanntsten anti-rassistesche Moment an der Geschicht vun den olympesche Spiller bis elo war op der Olympiade 1968 a Mexiko. Bei der Präisiwwerreechung fir d'200-Meter-Course bei de Männer hunn déi schwaarz US-amerikanesch Athleten Tommie Smith an John Carlos, Gold- a Bronzegewënner, wärend der Nationalhymn hire Kap gebéckt an hir Fauscht an d'Luucht gehuewen. Béid Leefer, esou wéi och de wäissen australesche Sëlwer-Gewënner Peter Norman haten iwwerdeems Mënscherechtsbännercher un hire Jacketten. D'Athlete goufen ausgebuut an de Smith an de Carlos goufen op Drock vum olympesche Kommitee erausgepucht.

D'Knéien als Geste vu Solidaritéit gouf 2016 bekannt duerch den American-Football-Spiller Colin Kaepernik. Den deemolege San Francisco 49er-Quarterback huet déi ganz Saison iwwer wärend der Nationalhymn geknéit, fir seng Roserei iwwert d'Policebrutalitéit an de strukturelle Rassismus an den USA auszedrécken.
Seng Aktioun huet staark polariséiert: déi eng hunn hie fir säin Asaz géint de Rassismus gelueft, déi aner hunn hie kritiséiert, well hien d'Nationalhymn net respektéiere géif. An et hat och kloer Konsequenze fir de Colin Kaepernik - zanterdeem krut hie kee Kontrakt méi bei engem Club an der NFL.
Nom presuméierte Mord duerch e Polizist vum George Floyd, engem schwaarzen Amerikaner, krut de Solidaritéitsgeste nees méi Opmierksamkeet. E wäisse Polizist hat iwwer 9 Minutten um Genéck vum George Floyd geknéit. Déi anti-rassistesch Protester, déi zanterdeem uechter d'Welt opkomm sinn, hunn och d'Sportswelt gezwongen, sech nees domat auserneenzesetzen, wéi politesch Athleten dierfe sinn.
D'NFL huet hir Positioun mëttlerweil geännert: d'Ligue huet en Donneschdeg annoncéiert, iwwert déi nächst 10 Joer 250 Milliounen Dollar ze spenden, fir géint de systemesche Rassismus an den USA ze kämpfen. D'lescht Woch scho sot de Chef vun der éischter Football-Liga Roger Goodell, et wier e Feeler gewiescht, de Spiller net nozelauschteren an huet si encouragéiert, hir Meenung ze soen. De Colin Kaepernik soll consultéiert ginn, wéi d'NFL sech ka géint de Rassismus asetzen a Medieberichter no interesséiere sech elo wuel och nees Ekippe fir de Spiller.
Och déi däitsch Bundesliga huet dës Woch decidéiert, Spiller, déi hir Solidaritéit mat der "Black-Lives-Matter-Beweegung" deklaréieren, net ze bestrofen. D'Fro war opkomm, nodeems den Jadon Sancho, den Achraf Hakimi, de Marcus Thuram an de Weston McKennie mat verschiddenen Aktiounen en Zeeche géint Rassismus a Policegewalt gesat hunn.

D'Reegele vun der Bundesliga verbidden dat eigentlech, dofir war den DFB-Kontrollausschuss domat befaasst ginn. Um Donneschdeg huet de Verband annoncéiert, datt d'Spiller net fir hir Aktioune bestrooft ginn an datt déi Linn och bei deenen nächste Spilldeeg bäibehale wäert ginn. De President vun der däitscher Bundesliga Fritz Keller sot, hie géif sech iwwert d'Decisioun vum Kontrollausschuss freeën, de Verband wier géint Rassismus a géif d'Aktioune vun de Spiller respektéieren a verstoen.