Dëschtennis-WM zu LondonLëtzebuerger Damme setze sech géint Brasilien duerch, treffen elo op Japan

RTL Lëtzebuerg
D'Lëtzebuerger Dammen hu sech bei der Dëschtennis-Weltmeeschterschaft zu London mat enger knapper 3-2-Victoire géint Brasilien fir d'Aachtelsfinall qualifizéiert.
D'Ni Xia Lian bei der Weltmeeschterschaft a China am Oktober 2024.
D'Ni Xia Lian bei der Weltmeeschterschaft a China am Oktober 2024.
© XIAO YIJIU/Xinhua via AFP

D'Lëtzebuerger Dammen hunn en Dënschdeg den Owend bei der Dëschtennis-Weltmeeschterschaft zu London géint Brasilien gewonnen. No ronn dräi an enger halwer Stonn konnten d'Lëtzebuergerinnen d'Partie an der 1/16-Finall knapp mat 3-2 fir sech entscheeden an domat eng Plaz ënnert de beschte 16 Ekippe vun der Welt sécheren.

Direkt vum Ufank u war et en intensiven an ausgeglachene Match, wou vill Sätz eréischt um Enn entscheet goufen. Brasilien ass duerch seng Spillerin Bruna Takahashi mat 1-0 a Féierung gaangen. D'Sarah De Nutte huet géint d'Nummer 23 vun der Weltranglëscht gutt matgehalen, ass awer trotz enger staarker Leeschtung mat 1-3 ënnerleeën.

Duerno huet d'Ni Xia Lian Lëtzebuerg zeréck an de Match bruecht. Si huet sech an engem spannende fënnef-Sätz-Match géint d'Giulia Takahashi, d'Schwëster vun der Bruna an d'Nummer 111 op der Weltranglëscht, knapp mat 3-2 duerchgesat.

Dem Enisa Sadikovic ass dunn d'Iwwerraschung gelongen: Si huet géint d'Laura Watanabe, Nummer 112 op der Weltranglëscht an iwwer 250 Plazen virun hir, an engem weideren enke Match mat 3-2 gewonnen.

Am véierten Eenzel hat d'Ni Xia Lian d'Chance, d'Victoire fir Lëtzebuerg ze sécheren. No engem staarke Comeback no engem 0-2-Réckstand louch si am fënnefte Saz mat 10-9 vir an hat Matchball. Leider konnt si dësen net notzen, an d'Bruna Takahashi huet de Match nach gewonnen, esou dass et 2-2 stoung.

D'Decisioun huet also missen am leschten Eenzel kommen. Hei huet d'Sarah De Nutte géint d'Giulia Takahashi d'Nerve behalen an eng souverän a konzentréiert Leeschtung gewisen. Mat engem kloren 3-0 huet si Lëtzebuerg den entscheedenden Triumph geséchert.

An der Aachtelsfinall geet et elo fir Lëtzebuerg schonn en Mëttwoch de Moie weider géint Japan. D'japanesch Ekipp zielt zu de grousse Favoritten an ass zu London mat Staren ewéi der Miwa Harimoto (WR 5), der Hina Hayata (WR 11), der Honoka Hashimoto (WR 15), der Miyu Nagasaki (WR 16) an der Rin Mende (WR 125) vertrueden.

Back to Top
CIM LOGO