
En Dënschdeg an e Mëttwoch den Owend fält d'Decisioun, wéi eng Ekippe sech fir d'Finall den 30. Mee zu Budapest an Ungarn kënne qualifizéieren.
Den Optakt mécht d'Partie tëscht Arsenal London an Atlético Madrid en Dënschdeg den Owend. Am Allersmatch d'lescht Woch gouf et an der spuenescher Haaptstad en 1:1-Remis. Deemno ass nach alles op. Fir d’”Gunners”, wéi Arsenal och nach genannt gëtt, wier et déi éischt Finall zanter 2006, fir Atlético dogéint déi éischt zanter 2016. Béid Ekippe konnten d’Champions League bis ewell nach net gewannen.
E Mëttwoch den Owend kritt et Bayern München mat Paris Saint Germain ze dinn. Déi franséisch 5:4-Victoire d'lescht Woch zu Paräis gehéiert fir vill Futtball-Supporter zu deene beschte Matcher an der Geschicht vun der UEFA Champions League. Nach ni waren an den Halleffinallen an enger Partie bannent 90 Minutten 9 Goler gefall. Den däitsche Rekordchampion muss ee Gol schéissen, fir an d'Verlängerung ze kommen oder mat zwee Goler Ënnerscheed gewannen, fir den Champions-League-Gewënner vun 2025 ze eliminéieren.