
De Kepa Arrizabalaga (24 Joer) muss elo eng Strof an der Héicht vun der Pai vun 1 Woch bezuelen. Englesche Medien no géif et sech heibäi ëm eng Zomm vun 220'000 Euro handelen. D'Sue kommen enger Stëftung vum Club zegutt.
Den Trainer vun Chelsea wollt den Arrizabalaga e Sonndeg kuerz virum Eelefmeterschéissen auswiesselen, nodeems de Spuenier behandelt gi war. Den Arrizabalaga wollt awer net eraus... wouropshin den Trainer Maurizio Sarri ausgeflippt ass a souguer vum Antonio Rüdiger huet mussen zeréckgehale ginn.
Nom Match gouf den Tëschefall als "Mëssverständnis" klasséiert. Et hätt e gutt Gespréich tëscht dem Sarri an dem Arrizabalaga ginn an d'Saach wier elo ofgeschloss. En hätt sech bei der Ekipp an dem Trainer entschëllegt.
Chelsea huet d'Finall géint Manchester City iwwregens mat 3:4 am Eelefmeterschéisse verluer.