
De Lëtzebuerger ass a senger Serie an enger Zäit vu 7 Minutten, 51 Sekonnen an 30 Honnertstel op déi 5. Plaz komm. Déi 6 Éischt vun der Serie waren direkt fir d'Finall qualifizéiert.
E Sonndeg den Owend um 18 Auer ass d'Finall iwwer 3.000 Meter programméiert.
D'Victoria Rausch ass iwwer 60 Meter Hecken eliminéiert. D'Sportzaldotin ass an der éischter vu 4 Serien als 7. eng Zäit vun 8,23 Sekonne gelaf a klasséiert sech als 25.