Squadra Azzurra vs. Rout LéiwenBegeeschtert déi italieenesch Nationalekipp jonk Futtballer hei am Land nach ëmmer?

Lynn Cruchten
RTL war op Besuch um Training vun enger Jugendekipp zu Suessem a konnt do feststellen, datt de Gros vun de Kanner éischter Fans vun de Roude Léiwe sinn.
Begeeschtert déi italieenesch Nationalekipp jonk Futtballer hei am Land nach
RTL war op Besuch um Training vun enger Jugendekipp zu Suessem a konnt do feststellen, datt de Gros vun de Kanner éischter Fans vun de Roude Léiwe sinn.

Dass Italien, wann och mat majoritär U21 Spiller, fir e Frëndschaftsmatch op Lëtzebuerg komm ass, fannen d‘Kanner "cool". Hiren Trainer zielt vun der Begeeschterung vun den Nowuessspiller fir grouss Matcher am Stade de Luxembourg a confirméiert och, dass vill Kanner a Lëtzebuerger Trikoten trainéieren an op d’FLF-Spiller eropkucken.

D’Euphorie ronderëm d‘Squadra Azzura war wuel viru Jore méi grouss. Ëmmerhin hunn d'Italieener scho véier Weltmeeschterschafte gewonnen. Fir 2018, 2022 an dëst Joer hu se awer d’WM-Qualifikatioun verpasst a sinn dofir vläicht manner an de Käpp vun de Kanner hei. Et fënnt een d’Italieener jo och schonn eng Zäitchen net méi an de "Panini-Albumen".

D‘Rout Léiwen dogéint sinn zu richtegen Idoler vu ville Kanner ginn, déi hinnen dann och fir d’Partie géint Italien d’Daumen drécken.

Back to Top
CIM LOGO