
An der 21. Minutt geléngt dem Ex-Dortmunder Dong-Won Ji e Gol fir den FC Augsburg a bréngt seng Ekipp fréi a Féierung.
Och no der Paus ass et et dem Ji gelongen, e Gol ze markéieren, sou dass et no 68. Minutt 2:0 fir Augsburg stoung. Den Alcacer, dee méi spéit agewiesselt gouf, konnt mat sengem Gol an der 81. Minutt just nach op 1:2 verkierzen, ma e Gläichspill oder souguer eng Victoire konnt net méi erausgeholl ginn.
Domadder verléiert Dortmund fir déi éischte Kéier auswäerts géint Augsburg. Sollt Bayern München a Samschdeg den Owend géint Gladbach gewannen, da géing den FCB mam BVB an der Tabell gläichzéien.