StafhéichsprongArmand Duplantis realiséiert neie Weltrekord

RTL Lëtzebuerg
Beim Indoor-Meeting zu Glasgow huet de Schwed Armand Duplantis fir d'zweete Kéier bannent enger Woch de Weltrekord am Stafhéichsprong verbessert.
© AFP

An der Liichtathletik huet den Armand Duplantis e Samschdeg op en Neits de Weltrekord am Stafhéichsprong verbessert. Den 20 Joer ale Schwed huet säin eegene Weltrekord vum leschte Weekend bei engem Meeting zu Glasgow a Schottland ëm 1 Zentimeter op 6 Meter an 18 Zentimeter no uewe geschrauft.

Den Duplantis, dee Weltrekorder a quasi alleguer den Nowuesskategorien realiséiert huet, war virun enger Woch zu Torun a Polen mat 6,17 Meter een Zentimeter iwwert der 6 Joer aler Beschtleeschtung vum Fransous Renaud Lavillenie bliwwen.

Fir säi Weltrekord krut den Duplantis 30.000 US-Dollar Präisgeld.

Bei der WM am Oktober 2019 zu Doha hat sech de Schwed nëmmen dem Amerikaner Kendricks misse geschloe ginn an hat Sëlwer gewonnen. Mat senger aktuell staarker Form ass hien den Topfavoritt fir d’Olympesch Spiller zu Tokyo.

Back to Top
CIM LOGO