2020 Schluss mam LeeschtungssportAls Ofschloss wëll d'Lis Fautsch op Tokio

RTL Lëtzebuerg
Am September leeft d'Zäit vun der Lëtzebuergerin an der Sportsektioun vun der Arméi of an da soll och Schluss mam Leeschtungssport sinn.
Als Ofschloss wëll d'Lis Fautsch op Tokio
Am September leeft d’Zäit vun der Lëtzebuergerin an der Sportsektioun vun der Arméi of an da soll och Schluss mam Leeschtungssport sinn.

Den 9. Februar war d’Lis Fautsch enger Manche vun der Coupe du Monde zu Barcelona um Depart. 1992 waren op dëser Plaz d’Olympesch Spiller. Dunn hat d’Lis Fautsch grad emol 5 Joer. Mat Fechten huet si awer réischt vill méi spéit, op der Septième, ugefaangen. An nach méi spéit, no engem Studium vun de Kommunikatiounswëssenschaften zu Wien, konzentréiert si sech zanter 2012 ganz op hire Sport. Op der leschter Ligne Droite vun hirer Karriär huet d’Lëtzebuergerin mat 33 Joer nach ee grousst Zil an dat ass d’Qualifikatioun fir d’Olympesch Spiller. Nieft den technesche Qualitéite ginn d’Dueller beim Fechte gréisstendeels am Kapp entscheet. Wie behält d’Nerven, analyséiert de Géigner richteg an trëfft déi beschten Entscheedungen? Bei den Dueller an der Weltspëtzt kënnt et dann dacks zu engem Showdown.

Aktuell steet d’Lis Fautsch an der Weltranglëscht op Plaz 34. Am September 2020 leeft hir Zäit an der Sportsektioun vun der Arméi of an dann ass Schluss mam Leeschtungssport. Ier et awer eriwwer ass, gëtt et nach ee grousst Zil: D’Qualifikatioun fir d’Olympesch Spiller. Hei ass d’Lëtzebuergerin op engem gudde Wee.

2016 hat d’Lis Fautsch zwar d’Spiller vu Rio de Janeiro verpasst, ma am Fechtzentrum zu Heidenheim huet sech d’Lëtzebuergerin konstant an de leschte Jore verbessert: 2017 ass si 7. an engem Weltcup ginn an och 7. bei der EM, an 2019 nach emol eng 7. Plaz bei der WM, wou et op Grond vun enger Arbitterdecisioun keng Medail ginn ass.

Mat esou engem gudde Resultat beim Weltcup zu Barcelona hätt d’Lis Fautsch souguer eng kleng Chance behalen, als ee vun deenen zwee beschten Europäer direkt op Tokio ze kommen. Ma an der Ronn vun de leschte 64 huet si beim Stand vu 14:14 ee klenge Feeler gemaach an ass ausgescheet. Um Enn war et déi 44. Plaz.

Eng Chance bleift dem Lis Fautsch nach, fir sech ze qualifizéieren. Een Turnéier den 18. Abrëll muss elo entscheeden, ob d’Lëtzebuergerin nach een Ticket fir d’Olympesch Spiller zu Tokio kritt oder net. D’Lëtzebuergerin traut sech et op alle Fall zou, datt si dësen Tournoi ka gewannen, a sech hire groussen Dram nach wäert erfëllen.

Back to Top
CIM LOGO