Lëtzebuerger Sportler am AuslandAlex Laurent wënnt mat den Helder

RTL Lëtzebuerg
Den Thomas Grün wënnt mat de Gladiators Tréier. D'Tina Welter wënnt am Handball mat dem VfL Waiblingen géint den TuS Lintfort.

Basket

Am hollännesche Basket wënnt den Alex Laurent mat den Helder 95:64 géint BAL Wert. De Lëtzebuerger stoung 19 Minutten um Terrain a konnt 10 Punkte bäisteieren.

An der däitscher Pro A am Basketball gewënnt den Thomas Grün mat de Gladiatore Tréier 82:74 géint Rostock a festege soumat hir 7. Plaz an der Tabell.

Bei den Damme verléiert d'Magalie Meynadier mat de Wohbau Angels géint de Leader Herner TC mat 66:73.

Handball

An der 2. däitscher Bundesliga wënnt d'Tina Welter am Handball mat dem VfL Waiblingen mat 36:24 géint den TuS Lintfort.
D'Lëtzebuergerin konnt 3 Goler zur Victoire bäidroen.

Volleyball

An der éischter Belscher Volleyball-Liga gewënnt de Chris Zuidberg mat Waremme mat 3:1 géint Guibertin.

An Italien verléiert de Kamil Rychlicki kloer mat 0:3 mat Ravenna géint Trentino a stinn an der Tabell op der 9. Plaz.

Back to Top
CIM LOGO