
Nom zweetleschten Heemmatch vum Marko Stupar e Samschdeg huet den HC Bierchem e puer Stonnen drop e Communiqué verschéckt, an deem si säi Successeur annoncéiert hunn. De Martin Hummel wäert d'Réiserbänner Hären an der Saison 2026/27 encadréieren. De Kontrakt ass fir zwou Saisone gülteg. Domat confirméiert de Veräin RTL-Informatiounen. De Veräin erhofft sech dem Schreiwes no "eng nei Dynamik an der Ekipp".
De Martin Hummel war a senger Spillerkarriär nieft Käerjeng an Diddeleng och beim HC Bierchem aktiv. An den 90er Joren hat hien als dat grousst Handballtalent gegollt a war als éischte Lëtzebuerger an d'Handballakademie vun engem däitsche Veräi gewiesselt. Dat war deemools d'HSG Solingen gewiescht.
Als Trainer stoung de fréiere beschte Buteur vum Championnat scho beim HC Standard an duerno vill Jore beim HB Diddeleng un der Säitelinn. No sengem Aus bei de Fiiss no der Saison 2024/25 hat hien ënnert dëser Saison de Poste vum Co-Trainer beim Champion Red Boys Déifferdeng ugeholl.