Handball-ChampionnatKäerjeng erzwéngt mat staarker Leeschtung drëtt Finall

Yannick Glod
Den HB Diddeleng konnt den éischte Matchball net notzen an der Kim Wirtz an hirem leschte Match de Meeschtertitel schenken. Och Déifferdeng an de Museldall spillen en drëtte Match.
© Gilles Tricca

Dammen

Den HB Käerjeng huet de Match zu Diddeleng mat 28:24 fir sech entscheet. Déi Gréng hunn immens vill Asaz a Wëlle gewisen an domat der Kim Wirtz an hirem leschten Heemmatch an hirer Karriär net de glécklechen Ofschloss gegënnt.

Käerjeng war vun Ufank un am Match an huet an der Verteidegung eng aner Kierpersprooch gewise wéi d'lescht Woch. D'Gäscht louchen déi komplett éischt Hallschent vir. Hanne konnte si nieft der Defense nees op eng staark Golkippesch Jurcevic zielen a vir hat op en Neits d'Daria Milek an den éischte Minutte dat néidegt Zilwaasser. D'Polin huet an den éischten 10 Minutten (7:4) 3 Goler bäigesteiert. Diddeleng huet no 12 Minutte mat enger Manndeckung reagéiert.

D'Lokalekipp huet schwéier an de Match fonnt. Weeder sinn hir an der Attack Léisungen agefall nach stounge si hanne kompakt genuch, fir Käerjeng viru Problemer ze stellen. Och d'Golkippeschen waren an der éischter Véierelstonn kee Facteur. Sou konnt Käerjeng de Virsprong op maximal 6 Goler ausbauen (13:7 no 20 Minutten).

Iergendwéi ass de Gäscht duerno d'Kontroll vum Match entwutscht an Diddeleng konnt bis an d'Paus nees op 3 Goler erukommen. Dat louch och dorun, dass d'Emeline Hoé ugefaangen huet, d'Fangeren un d'Bäll ze kréien. Dass Käerjeng mat enger Féierung an d'Paus goung, louch virun allem u senger Golkippesch, déi nees eng Dose Paraden an den éischten 30 Minutte sammele konnt.

Well Käerjeng de schlechte Rhythmus mat an déi zweet Hallschent geschleeft huet, hat een den Androck vun engem Déjà-vu aus dem leschte Match. Do waren déi Gréng och schlecht aus de Kabinne komm. An den éischten 10 Minutten ass beim Coupegewënner net vill zesumme gelaf an Diddeleng konnt an der 41. Minutt duerch 3 Goler vun der Valerie Gomes gläichzéien (16:16) . Et war den éischte Gläichstand zënter dem 2:2 an der 4. Minutt.

Käerjeng krut sech uschléissend awer gefaangen an hat an der Jennifer Zuk déi entscheedend Spillerin vun dëser Phas. D'Nationalspillerin huet mat 3 Goler nees den ale Virsprong hiergestallt an domat d'Gäscht op d'Gewënnerstrooss bruecht. Och d'Zorana Jurcevic krut erëm méi Bäll ze paken an esou konnt Käerjeng séier op 6 Goler ewechzéien (23:17). Um Enn ass d'Victoire fir de Rekordchampion verdéngt, deen domat en drëtte Match nächste Samschdeg an eegener Hal erzwongen huet.

Niewebäi war et de leschten Heemmatch vun der Kim Wirtz. Den HB Diddeleng hat virun e puer Deeg op de Sozialen Netzwierker annoncéiert, dass déi 33 Joer al Spillerin e Schlussstréch ënnert hir Karriär zitt. D'Wirtz huet hir ganz Karriär fir den HBD gespillt an och all d'Jugendkategorien duerchlaf. An den 18 Joer bei den Dammen huet si 22 Titele gesammelt. Déi laangjäreg Nationalspillerin huet insgesamt 12 Mol mam HBD op internationalem Niveau gespillt. An dësen 31 Matcher huet si den EHF-Statistiken no 57 Goler geschoss. Am Mee 2025 war si mat hirer Schwëster Joy am RTL-Podcast "Drëtt Hallschent". Och de Co-Trainer Luc Didion krut Äddi gesot.

Och d'Jennifer Zuk huet annoncéiert, dass et nächst Woch bis op Weideres hire leschte Match am Käerjenger Trikot si wäert.

Nodeems d'Red Boys Déifferdeng dës Woch mat hirem Communiqué, dass de Michel Scheuren mat Effet immédiat opgehalen hätt, well de Kommitee mat engem neien Trainer an déi nächst Saison goe wéilt, fir vill Reaktiounen an Onverständnis gesuergt. E Freideg hat de Veräin aus der Cité du Fer op de Sozialen Netzwierker matgedeelt, dass de Stéphane Mina d'Dammenekipp am Match ëm Plaz 3 géint de Museldall coache géif.

D'Spillerinne hu versicht, sech vum Wiessel op der Bänk net beandrockt ze weisen, mee och si mussen en drëtte Match spillen. Et war kee Match vun de Golkippesche beim Resultat vu 40:34. De Match war bis an d'50. Minutt ganz serréiert, mee an der Crunchtime konnt de Museldall den decisiven Ecart maachen. Op der Säit vum Museldall war et de leschte Match fir d'Valérie Mackel, d'Fiona Carrara an d'Lena Schneider.

________________________________________________

Hären

Back to Top
CIM LOGO