
Et war déi zweet Saison, an där de Champion am Best-of-Three-Modus ausgespillt gouf. Den éischte Match war mat 24:20 un Diddeleng gaangen, Käerjeng konnt sech d'lescht Woch mat engem 28:24 zeréckkämpfen an en decisive Match erspillen. Dat ware perfekt Viraussetzunge fir eng spannend drëtt Partie. Well de Match an d'Siwemeterschéisse goung, gouf et direkt zwou Premièren an dëse 60 Minutten.
An enger voller Hal um Käerjenger Dribbel war et spréchwiertlech Spannung bis zum leschte Worf a kee Match fir schlecht Nerven. Den HB Diddeleng dierf nom 29:28 eng 12. Kéier de Meeschtertitel feieren.
De Start an de Match war ausgeglach, mee nom 2:2 huet Diddeleng ganzer 7 Minutte fir den nächste Gol gebraucht. Käerjeng konnt gréisstendeels eng Avance vun 3 Goler verwalten, dorun huet och en Timeout vum HBD-Trainer Mikel Molitor näischt geännert. Kuerz drop louch de Rekordmeeschter souguer kuerzzäiteg mat 5 Goler vir (12:7 no 25 Minutten) a konnt nees op eng Rëtsch Parade vu senger Golkippesch Jurcevic zielen. Diddeleng erkrut sech bis an d'Paus awer nach a konnt de Réckstand op 3 Goler (14:11) verkierzen.
D'Fiiss ware mat vill Elan aus de Kabinne komm a konnte bannent kuerzer Zäit gläichzéien (15:15). An dëse positive Laf ass och déi éischt Diddelenger Féierung (16:15) zënter dem 1:0 gefall. Käerjeng war den drëtte Match hannertenee schlecht an den zweeten Duerchgang gestart an huet domat seng gutt Ausgangspositioun hierginn. Uschléissend huet sech e serréierte Match entwéckelt, an deem sech béid Ekippen näischt geschenkt hunn.
D'Féierung ass hien an hier gewiesselt. Mol war déi eng Ekipp vir, mol déi aner. An der decisiver Phas ware béid Golkippeschen e wichtege Facteur. Dräi Minutte viru Schluss hätt de Kapptreffer vun der Joy Wirtz bal déi entscheedend Situatioun kënne sinn. Déi bescht Diddelenger Spillerin mat 13 Goler hat d'Zorana Jurcevic beim Schoss am Gesiicht getraff a krut eng Zäitstrof. Diddeleng huet dës Ënnerzuel awer gutt iwwerstanen a konnt an de Schlusssekonnen nees op 25:25 stellen.
Well de leschte Käerjenger Worf net eragoung, ass d'Entscheedung am Siwemeterschéisse gefall. De leschte Worf vun der Luiza Maria Dascalu goung net eran an Diddeleng war eng 12. Kéier Lëtzebuerger Meeschter. Et war den 23. Titel fir d'Kim Wirtz mam HBD, déi mat hirer aktiver Karriär ophält. Si krut d'lescht Woch virun eegenem Public Äddi gesot.
Domat war den Ausgang vum Championnat genee ëmgedréint wéi virun zwielef Méint, wou Diddeleng d'Saison dominéiert hat, mee Käerjeng um Enn feiere konnt. Dës Saison war Käerjeng dacks als Favorit an de Match gaangen a war e bëssen den Angschtgéigner vum HBD.
Bei Käerjeng war et fir sechs Spillerinnen de leschte Match. Mat der Doris Monteiro, Luiza Maria Dascalu, Jenny Zuk a Kirstin Birsens verloosse véier verdéngt Spillerinnen de Veräin, fir dee si vill geleescht hunn. D'Jenny Zuk huet sechs Meeschtertitelen an dräi Coupegewënner mat Käerjeng gesammelt an huet am Juli 2025 am RTL-Podcast "Drëtt Hallschent" iwwer hir Leidenschaft Triathlon geschwat, fir déi si sech elo méi Zäit huele wëll.
D'Zorana Jurcevic zitt et no e puer Joer bei en anere Veräin an d'Ausland an d'Yana Pirotte zitt wéinst ville Blessuren e Schlussstréch ënnert hir Karriär. Et däerf ee gespaant sinn, wéi Käerjeng mat all dësen Ofgäng an déi nei Saison goe wäert.
Déi spannendst Damme-Saison zënter laangem geet mat engem Meeschter HB Diddeleng op en Enn. Mat dem Museldall, der Red Boys Déifferdeng, dem HB Käerjeng an dem frëschgebakene Champion hu sech véier Ekippe wärend deene leschten aacht Méint näischt geschenkt.
E Freideg hat sech d'Red Boys Déifferdeng schonn déi drëtt Plaz geséchert. D'Ekipp vum Interimstrainer Stéphane Mina huet den HB Museldall an eegener Hal 38:31 geklappt. De Match war bis an d'40. Minutt ausgeglach (20:20), mee dunn hunn d'Déifferdengerinnen mat engem 8:1-Laf den decisiven Ecart gemaach, fir de leschte Match vun der Saison fir sech ze entscheeden. Genee wéi an der Finall ëm de Meeschtertitel war et ëm Plaz 3 déi éischt Kéier, dass en drëtte Match d'Decisioun huet musse bréngen.
Fir d'Sarah Kupke war et de leschte Match am Déifferdenger Trikot. D'Däitsch gouf virum Match verabschit a verléisst déi Rout no zwou Saisonen. Wéi RTL offiziell confirméiert krut, wäert d'Kupke d'nächst Saison fir Diddeleng Goler werfen. Dat war schonn e puer Wochen eng Rumeur an Handball-Kreesser. Den HBD verstäerkt sech weiderhi mat der Morgane Salvucci vum franséische Veräin Yutz HB.
________________________________________________
Um virleschte Spilldag huet Déifferdeng déi zweet Néierlag am dësjärege Championnat kasséiert; op en Neits géint Bierchem. No 60 Minutte stoung et 38:34 fir d'Gäscht. D'Resultat ännert awer näischt méi um 10. Championstitel fir déi Rout. Si kréien d'Meeschtercoupe am leschten Heemmatch géint Diddeleng iwwerreecht.
Den HB Diddeleng huet den HC Standard an eegener Hal mat 48:40 geklappt a bleift weiderhin Tabellenzweeten, knapp virum HC Bierchem. D'Etute-Bridder hunn am Remake vun der Halleffinall an der Coupe jeeweils 10 Goler zu der Victoire bäigesteiert.
Ouni den Interimstrainer Dan Mauruschatt, dee mat den Dammen am Asaz war, hat Käerjeng beim Auswäertsmatch fréi näischt méi ze radetten. Schonn an der Paus stoung et 20:15 fir de Coupegewënner Esch, deen de Virsprong am zweeten Duerchgang op maximal 8 Goler ausbaue konnt an um Enn mat enger däitlecher Victoire vum Terrain goung (39:32).
An der Relegatioun ass zënter leschter Woch gewosst, dass Rëmeleng an Dikrech an der nächster Saison nees uewe spille wäerten. Dat huet d'Käldaller awer net dovun ofgehalen, fir säi Match géint Miersch ze gewannen. De Match tëscht Dikrech a Péiteng huet misse wéinst Arbittermangel verluecht ginn.
E Freideg schonn hat Leideleng den Tabelleleschte Schëffleng 33:26 geklappt.
Fir de Luke Dumont sollt et mat der U17 vum THW Kiel um Enn net duergoen, fir de Meeschtertitel ze gewannen. Am Réckmatch géint d'Füchse Berlin an eegener Hal huet Kiel mat 31:36 de Kierzere gezunn. Nom 36:36 am Allermatch war keng Ekipp mat engem Avantage an de Match gaangen. Fir d'Berliner Jugendekipp war et den néngten Titel an dëser Kategorie.
Trotz der klorer Néierlag op Christi Himmelfaart konnt sech d'Kieler U17 iwwer dat erfollegräichst Joer freeën. D'Finall gouf virun iwwer 1.000 Spectateure gespillt. De fréieren Diddelenger Luke Dumont konnt véier Goler bäisteieren an duerft als Kapitän d'Auszeechnung vum Vize-Meeschter entgéinthuelen.