
Am Futtball stoungen e Samschden den Owend déi éischt zwee Matcher vun de 1/16-Finallen an der Coupe um Programm.
No engem verréckte Match am Stade Jos Haupert huet Wolz sech zu Nidderkuer mat 5:4 behaapt. No 20 Minutten huet de Camara mat enger Flank den Dauriac fonnt, dee per Kapp op 1:0 stelle konnt. D'Wëlzer sinn awer du besser aus der Paus komm a konnten an der 51. Minutt duerch de Biver egaliséieren, dee vum Schroeder schéin an Zeen gesat gi war.
D'Gäscht si weider drubliwwen an hunn de Match duerch 2 Goler vum Romeyns bannent 3 Minutten op d'Kopp gestallt. Nidderkuer huet sech awer net opginn a konnt e puer Minutten drop duerch den Hadji nees verkierzen. Eng Véierelsstonn viru Schluss gouf et dunn Eelefmeter fir d'Lokalekipp, deen den Hadji zum 3:3 verwandele konnt. Wolz huet sech awer dovun net geschockt gewisen an huet de Match duerch Goler vu Franco a Bosquin an de Minutten 88 an 90 entscheet. Ee weidere Gol vum Dauriac an der Nospillzäit koum ze spéit, soudass Wolz ee geckege Match gewënnt.
Am Duell tëscht Rodange a Koeppchen konnt de Buzzi d'Haushären an der 55. Minutt per direktem Fräistouss a Féierung schéissen. D'Féierung sollt awer net allze laang halen, well de Latic kuerz drop no engem Fräistouss mam Kapp den 1:1 geschoss huet. Mat deem Score ass et an d'Verlängerung gaangen, an där den Amiri Rodange fréi aus 11 Meter a Féierung bruecht huet. Koeppchen huet sech awer net opginn a konnt no engem Corner duerch de Fajout egaliséieren, ier de Belakbir no engem schéine Solo d'Partie gedréint huet. Ma och Rodange ass nach eemol zréckkomm an huet duerch ee verwandelten Eelefmeeter vum Senhadji zum 3:3 en Eelefmeterschéissen erzwongen. Do hat d'Lokalekipp dann déi besser Nerven a ka sech domat den Ticket fir d'1/8-Finalle sécheren.
E Sonndeg ginn dann all déi aner Matcher vum 3. Tuer gespillt. Ënner anerem kënnt et schonn zum Spëtzematch tëscht Biissen an Déifferdeng.
________________________________________________