
An der Bundesliga huet Dortmund beim 2:1 géint Elversberg d'Iwwerhand behalen, den Enzo Dos Santos stoung beim BVB awer net am Kader. An den aneren europäeschen Top-Ligen goufen et ënner anerem Néierlage fir Manchester City an Tottenham.
An der Bundesliga bei den Damme gouf et eng iwwerraschend däitlech 4:0-Victoire fir Nürnberg zu Freiburg. D'Laura Miller stoung bei Nürnberg vun Ufank un um Terrain a gouf no 70 Minutte beim Score vun 3:0 erofgeholl.
An der 3. Liga an Däitschland waren e Samschdeg direkt e puer Lëtzebuerger am Asaz. Hansa Rostock konnt sech doheem 3:0 géint Grossaspach duerchsetzen. De Florian Bohnert gouf e puer Minutte viru Schluss agewiesselt.
Donieft huet Mannheim mam Vincent Thill sech 2:1 géint Fortuna Köln behaapt. Den Thill war an der Startformatioun vun de Mannheimer a gouf an der 78. Spillminutt erofgeholl.
An och fir RW Essen gouf et e Samschdeg eng Heemvictoire. Géint Aachen konnt d'Ekipp vum Aiman Dardari 1:0 gewannen. Hie gouf an der 72. Minutt agewiesselt.
Fir den Dirk Carlson gouf et mam georgesche Tabelleleader Dinamo Batumi eng iwwerraschend Néierlag bei Spaeri. Mat 2:3 huet d'Ekipp vum Lëtzebuerger sech musse geschloe ginn. De Carlson stoung de ganze Match um Terrain a krut no 47 Minutten eng giel Kaart.
An der éischter belscher Liga huet Beveren um 11. Spilldag auswäerts 0:3 géint de Standard Léck verluer. De Laurent Jans stoung beim Opsteiger an der Startformatioun a gouf an der Paus beim Score vun 0:1 ausgewiesselt.
An der Ligue 2 konnt Metz sech auswäerts mat 3:2 géint den Tabellendrëtte Montpellier behaapten. Den Hamza Kadamani stoung bei Metz net am Kader.
Fir Heracles gouf et an der 2. hollännescher Divisioun eng däitlech 5:1-Victoire géint Roda. Den Yvandro Borges Sanches steet wéinst senger Verletzung weiderhin net am Kader.