BundesligaD'Bayern wannen zu Mainz, Dortmund klappt Elversberg

Theo Mersch
RB Leipzig hat iwwerdeems doheem géint Augsburg keng Problemer, wärend Paderborn a Frankfurt sech d'Punkte gedeelt hunn.
D'Bayern hunn duerch Goler vu Kimmich a Karl zu Mainz gewonnen.
© KIRILL KUDRYAVTSEV / AFP

Nodeems Hamburg sech e Freiden den Owend 3:1 géint Gladbach duerchgesat hat, war e Samschden d'Suite vum 9. Spilldag an der däitscher Bundesliga. D'Bayern an Dortmund bleiwen no Victoirë punktgläich un der Spëtzt, Leizpig huet Augsburg souverän geklappt a Paderborn a Frankfurt hu sech 2:2 getrennt.

An den anere Lige goufen et ënner anerem Néierlage fir Tottenham a Manchester City. Donieft waren och eng Partie Lëtzebuerger Futtballer am Ausland.

Mainz huet sech doheem mussen 1:2 géint d'Bayern geschloe ginn. Schonn no enger Véierelsstonn huet de Joshua Kimmich d'Bayern mat engem schéinen Ofschloss a Féierung bruecht. An der Suite haten d'Münchener wéi gewinnt méi vum Ball, dat awer ouni allze dacks geféierlech ze ginn. Kuerz virun der Paus huet de Lee den 1:1 geschoss, deen awer no VAR-Agrëff annuléiert gouf. Eng 10 Minutten nom Säitewiessel huet de Karl op 2:0 erhéicht, woumat de Rekordmeeschter de Match géint harmlos Mainzer scho quasi entscheet hat. Ee spéide Gol vum Tietz sollt näischt méi un der Victoire fir d'Bayern änneren.

Dortmund war géint den Opsteiger Elversberg déi dominant Ekipp, richteg geféierlech ass et awer am éischten Duerchgang just seele ginn. An der 55. Minutt konnt den Nmecha dunn aus knapp 20 Meter mat engem prezisen Ofschloss fir de verdéngten 1:0 suergen. No der Paus sinn och d'Gäscht awer am leschten Drëttel méi present ginn, ma mat engem weidere schéinen Distanzschoss huet den Nmecha knapp 20 Minutte viru Schluss erhéicht. Kuerz drop konnt de Futkeu no engem Corner mat engem akrobateschen Ofschloss verkierzen, et sollt awer beim 2:1 fir de BVB bleiwen. Domat leie Bayern an Dortmund weider punktgläich un der Tabellespëtzt.

RB Leipzig ass doheem weider ganz staark a konnt sech 5:2 géint Augsburg behaapten. No engem Feeler an der Leipziger Defense konnt de Kade Augsburg schonn no 35 Sekonnen a Féierung schéissen. Och an der Suite hat Augsburg e puer gutt Chancen, no enger hallwer Stonn konnt RB d'Partie awer bannent zwou Minutten duerch Goler vu Banzuzi an Nkunku dréinen. Kuerz virun der Paus huet de Raum per Fräistouss nach een dropgeluecht. No ronn enger Stonn huet de Romulo mam 4:1 scho fir d'Virentscheedung gesuergt. D'Goler vu Baumgartner an Ogundo hunn um Enn fir d'Schlussresultat gesuergt. RB huet domat weiderhin all Heemmatch an der Bundesliga gewonnen, Augsburg waart iwwerdeems schonn zanter 7 Partien op e Succès.

Donieft ass Frankfurt auswäerts géint den Opsteiger Paderborn net iwwert en 2:2 erauskomm. Bis an d'Nospillzäit louch Paderborn esouguer a Féierung, d'Eintracht konnt awer an Ënnerzuel nach ausgläichen.

Am Owesmatch huet Stuttgart sech duerch e fréie Gol vum Mittelstädt mat 1:0 géint Bremen duerchgesat.

D'Statistike vun de Matcher

Klickt hei, fir op d'Säit mat all de Resultater ze kommen.

Klickt op de Match, fir d'Statistiken ze gesinn.

D'Tabell vun der Bundesliga

Back to Top
CIM LOGO